AVL Staffellaf

Verëffendlecht, den 07.05.2023 AVL Staffellaf

Léiw Memberen, 

 

Den 12. an 13. Mee fënnt rëm den AVL Staffellaf statt. Bei dësem Event lafen mir gestaffelt vun Oochen bis op Lëtzebuerg. Dëst Joer soll et no Mäertert goen, Heemechtsgemeng vun eiser Präsidentin Justine Welter. 

 

Wei schonn an der Staffellafversammlung ugekënnegt ass d'Streck an +-10 km Stecker opgedeelt, sou kennt dir dat wielen wat iech am beschten passt. 

 

Wéi wäert den Staffellaf oflafen? 

 

Den 12. Mee treffen mir eis um 07:00 Auer virum Rathaus hei zu Oochen. Do wäerten mir den Startschoss mam Rektor vun der Fachhéichschoul Prof. Dr. Bernd P. Pietschmann gin. Den éischten Dag lafen mir no Wäiswampech, wou mir Owes all zesummen grillen gin. Dir wäert do och d'Méiglechkeet kréien Owes beim Fabrice Becker zu Wäiswampech ze schlofen.

 

Den zweeten Dag geet et dann weider op Mäertert wou mir vun der Gemeng op een Éierewäin ageluede goufen. 

 

Falls dir beim Staffellaf matmaachen wëllt, dann kennt dir mir entweder per Facebook oder per Email ënnert francois.welter@avl.lu schreiwen. Mir bieden iech och folgenden Google Forms auszefellen : 

 

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfB4SHX2Hj0bwNPlS1Irldp8ZobDF6vl7VU4cAzhm3IwneQxA/viewform?usp=sf_link

 

Déi genau Streck inklusiv dem Plang mat den Etappen kennt dir an dem Facebook Event fannen.