AVL Staffellaf

Verëffendlecht, den 11.05.2022

Léiw Memberen

An manner wei 2 Wochen steet den Staffellaf rëm virun der Dier, wou mir 220 km vun Oochen op Lëtzebuerg (Bartreng) lafen!

Hei den Oflaf vum dësjäregen Staffellaf:

-Freides moies, den 20 Mai starten mir zu Oochen virum SuperC. Den Rektor vun der RWTH Dr. Ulrich Rüdiger wäert eis perséinlech den Startschoss ginn. Depart ass um 7 Auer.

Vun do aus geet et dann an Etappen iwwert d´Grenz bis ob Goesdorf bei den Pol (net zu Dol, dëst war en Feeler an der Mail vun der Virversammlung).

Dei genau Adress ass:

2, um Knupp zu Goesdrof.

Dest ass en Sall vun der Goesdorfer Gemeng, wou mir en Eirenwein, Gegrills an Gedrénks kréien. Dir hutt ausserdeem d`Méiglechkeet am Sall mat zB. enger Isomatt ze schlofen.

-Samschdes Moies lafen mir dann weider vun Dol ob Bartreng bei den Präsident vun den Anciens (Guy Lux), wou et dann en weideren Eirenwein vun der Bartrenger Gemeng gëtt. D´Arrivée ass fir 16 Auer bei der Gemng zu Bartreng geplangt.

-Samschdes Owes organiséieren mir en Iessen an der Villa Sapori zu Bartreng (1 Tossenberg, 8268 Bertrange, Luxemburg).

Fir do matzegoen, musst dir bis aller spéitstens den 17.05 iwwer folgenden Link ugemellt hunn: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSd7E6w1vqVxb_iEXNZgGUndeMDaei2VL-xidlheFV6XaSnQeg/viewform?fbclid=IwAR1dR45xJZ9H3pi4LFSUZ53LqDyJZ_0VQ5FGo-l9r-LqzbWcj5c3_vXM2hk

Fir all déi aner Evenementer (Eirenwein, Gegrills,....) musst dir Iech ënner folgendem Link umellen, dass mir d´Quantiteiten anschätzen kennen: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfZBuVyf2JSXj8aMrHsk_woZ0dbkFVOHxfpxJ3UyiR4sctHzQ/viewform?fbclid=IwAR2ramBTM9uiRbwM2UouQI2CEg4jCEagyhfjPTxA2sNWRzN4kQtJ7SVJyro

Fir den Comité,

Daniel