AVL Ultras goes TdN

Verëffendlecht, den 20.12.2019

Léiw Memberen,

Gläich ass rëm Tournoi de Noël. Fir dat ons Ékipen maximal Leeschtung kennen bréngen, brauchen sie déi voll Ënnerstëtzung vun den AVL Ultras. Dofir treffen mir eis Freides an Samschden ab 10:00 an der Hall um Geesseknäppchen fir eis Ékipen unzeféieren. Kommt Zuelräich an bréngt Duuscht mat, domat de Saufpokal endlech erëm zeréck op Oochen kënnt.

Wann dir nach fir den Tournoi e flotten AVL Schal braucht, dann sot dem Comité (comite@avl.lu) bescheed. Mir bréngen iech dann ee mat op den Tournoi. Denkt och drun, déi 5 Euro fir de Schal entweder am viraus ze iwwerweisen oder se genau op d Platz matzebréngen. Mir hoffen eng Rëtsch Léit an der Hall ze begéinen.

Link zu FB-Event: https://www.facebook.com/events/489998085056321/

Fir de Comité

Charel Marcy