AVL Wakeboard&Badesee

Verëffendlecht, den 27.06.2022 AVL Wakeboard&Badesee

Léiw Memberen,
Den 11.7 (Meindes) ass rem Dürener Badesee ugesot!
Dest Ioer bauen mir dat ganzt awer nach en besn aus, an ginn Moies Waasersport bei den Doc5 machen! Dir sidd all härzlech agelueden mat eis Wakeboard an/oder Waaserski fueren ze goen, wou mir Moies wärten fir 2h d'Bunn lounen.

Hei sinn d'Infos fir dei, dei wellen mat Wakeboard/Waaserski fueren:
-Dir must Ierch bei mir unmelden (Via Facebook oder Mail, daniel.weiler@live.com)
-Mir wärten d'Bunn fun 10 bis 12 Auer fir eis privat lounen. Dest ass eng extra gudd Meiglechkeet, fir firun allem Ufänger, d'Basics ze léiren, ouni mussen lang unzestoen
-Fir dei Léit dei wellen fueren: DIR MUSST BIS DEN 3.7 10 Euro Kautioun ob den AVL Kont iwwerwisen hunn (Betreff:AVL Wakeboard+Numm+Virnumm), fir dass mir och secher mat Ierch rechnen kennen. Des Suen kritt dir dann natierlech rem zreck, respektiv mir bezuelen domadd ärt Equipment
-D'Material kennt dir do selwer ausleinen, den Preis fir 2h fir en Ufängerwakeboard sinn 10€, en Bried fir Obstacles kascht der 20 fir 2h an Waaserski souwie och Kneeboards sinn gratis. Ausserdem kritt en eng Prallschutzwest fun hinnen gestallt.
Dir fannt weider Infos ob https://dock5.eu/

 

Duerno ginn mir niewendrun ob den Badesee, wou mir wäerten den Mëtten verbréngen. Mir wäerten Mölkky an Spikeball, souwéi och en besn Gedrénks fir Iech mathuelen. Dir kennt natierlech den ganzen Nomëtten nach nokommen.

Bescht Gréiss,

Daniel