AVL Wanderung 2026
Verëffendlecht, den 01.04.2026
Léif AVLer,
d’Summersemester steet virun der Dier an domat och schonn eis éischt AVL-Event! Ënnert engem neien Numm a puer klengen Ännerungen fënnt dei éischt AVL-Wanderung statt. ☀️🌳
Dofir treffe mir eis den 15.04 fir um 13:00 Katschhof, fir zesummen a Richtung Dräilännereck lasszegoen.
Fir datt et dëst Joer manner Verspéidung gëtt an de Wee an de Kaktus méi séier ugetruede ka ginn, sinn op deene 6,4 km bis bei d’Dräilännereck 3 fix Stoppen ageplangt, wou déi motivéiert Leit ënnert iech eng Partie Flunkyball spille kënnen.
Fir datt keen ënnerwee erdiischtert, suerge mir natierlech och fir genuch Gedrénks 🍻
Dofir biede mir iech, dëse Forms auszefëllen, sou datt mir genau wëssen, wien wat drénke wëll.
https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSe-VImQhxkhPYPPnunP333AjsX-RdXzyginJw_OegZYZt8JPQ/viewform?usp=publish-editor
👉 Wichteg: Jidderee ka maximal 6 Béchs kréien, déi dir fräi aus Béier, Radler, Béier 0.0% a Softdrinks kombinéieren kënnt
Bis geschwënn,
Äre Comité