Beachtournoi a Cocktailsparty
Verëffendlecht, den 11.05.2025
Léif AVLer,
den 21.05 ass et souwäit, do hu mir bei hoffentlech beschte Strandwieder eisen AVL Beachvolleyballstournoi.
Wat erwaart iech do genau frot dir iech? Beachfeeling, an dat zu Oochen! Mir wäerten eis vu 17:00-21:30 op de Beachterrainen vum AVE um Laurensberg treffen (Hander Weg 89 52072 Aachen), do wäerten sech dann déi motivéiert, an natierlech och d'Vollerten em d'Oochener Beachvolleyballskroun battlen. A natierlech ginn et fir déi eicht dräi Plazen och Preiser ze gewannen! Fir déi manner Beachvolleyball affine Leit, wäerte mer och fir Spikeballnetzer suergen.
Wann dir awer och léiwer nëmme Sonn genéisse wëllt, bidde mer iech ee Cocktail all you can drink un, wei der een zu Malle nach nitt gesinn hutt.
Niewebäi wäerte mer och Gegrilltes verkafen.
- D'Entrée fir jiddereen nëmme mat Soft Drinks kascht 5€
- Wie vun der Cocktailbar profitéiere well muss insgesamt 15€ bezuelen
Falls dir eng Equipe umelle wëllt (4 Persounen + maximal 2 Ersatzspiller), da kennt dir dat iwwert de follgende Link bis spéitstens een 19.05 24:00 maachen.
https://forms.gle/8WURvLC3qogWHxk36
Da géinge mir och all Mënsch de komme well bieden, op Zusage ze klicken, sou dat mir fir déi perfekt Quantitéit vun Oochener Premiumcocktails suerge kennen.
Mir freeën eis iech zuelreich ze empfaangen,
Äre minable Comité