Beachvolleyballtournoi zu Kaiserslautern
Verëffendlecht, den 15.05.2026
Léif Memberen,
De Beachvolleyballtournoi zu Lautern steet fierun der Dier.
Datum:
- 04.-05. Juni
- 04. Juni ass Feierdaach an Däitschland!!!
Programm:
Donneschdes:
- 9:00 Treffpunkt zu Landstuhl bei der Grillhütt
- Busnavett oder Zuch huele bis op Steinwenden bei de Beachterrain
- 10:00 um Beachterrain (Dir kënnt och mam Auto bei de Beachterrain fueren)
- Nom Tournoi zeréck op Grillplaz mat der Navett
- Do fënnt dann d’ After-Flatrateparty statt wou och gegrillt gëtt. Dir kennt dann och op der Platz am Zelt oder Auto schlofen.
Freides:
- Moies Kaffi a Mëtsch.
- Dann geet et op den Heemwee.
Parkplazen si weder zu Steinwenden, nach zu Otterbach begrenzt.
Adress Landstuhl Grillhütt: https://maps.app.goo.gl/N1ai3V8L9YVjCuNK9
Adress Steinwenden Beachterrain: https://maps.app.goo.gl/cKjigCEMi27XB6NF7
Gespillt gëtt 4vs4 mat engem méiglchen Ersatzspiller.
Mir hu Méiglechkeet 4 Ekipp un ze mellen dobäi ass d’maximal Unzuel un Equipe 32. Mellt iech also bei mir, wann dir an enger Ekipp matspille wëllt. Dir kënnt mir och gär soen mat weem dir an enger Ekipp wëllt zesummen spillen.
All Spiller aus enger Ekipp muss sech als och Eenzelpersoun umellen!
- Betrag fir Flatrate-Party + Busnavette: 30€ fir net Membere | 25€ fir Membere vum LSK
- Betrag fir Flatrate-Party ouni Busnavette: 25€ | 20€ fir Membere vum LSK
- De Betrag muss bis 2 Deeg virum Intercercle (2. Juni 2026, 23h59) op den LSK Compte iwwerwise ginn, soss verfält är Umeldung.
Kontosnummer LSK: LU22 0019 3955 9543 8000
Kommunikatioun: "Numm + Virnumm" - IC 2026
D'Umeldung als Eenzelpersoun kënnt der hei maan: https://u.lsk.lu/app/form?id=iDynow - (Deadline: 2. Juni 2026 23h59)
- Betrag fir Flatrate-Party + Busnavette: 30€ fir net Membere | 25€ fir Membere vum LSK
Mat Beschte Gréiss,
Äre Comité