Belscht Béierfest
Verëffendlecht, den 08.05.2025
Leif AVL'er,
de 13. Mee ass et erëm esou wäit - Eist traditionellt Belscht Béierfest um Grillplatz am Goertzbrunnen steet virun der Dier.
Fir nëmmen 10€ (Member)/ 15€(Net-Member) kenn dir do vu Jupiler iwwer Chouffe bis hin zu Delirium divers Zorte belsche Béier genéissen, an iech domat ofschéissen!
Falls Béier net esou däi Fall ass, sti Softdrinks zu Verfügung (Cola Zero, Sprite a Waasser).
Fir déi Leit ënnert iech fir déi 2 Béier keng Moolzecht si gëtt et natierlech och Gegrills an Zalot, sou dass kee vun iech hongreg heem goe muss. (Fleesch, Veggie souwéi Vegan)
Souwuel d'Iessen wéi och Gedrénks sinn an der Entrée mat abegraff!
Ausserdeem sinn och dëst Joer eis Kölner, Düsseldorfer an d Bonner Noperen invitéiert zesumme wäert definitiv eng top Stëmmung opkommen!
Dëst mega Event start em 12h an hellt em 22h säi gloreicht Enn wat am Kaktus ausklénge gelooss gëtt.
Mir bieden iech unzeginn ob der dobäi sidd, sou dass mir besser aschätze kenne wéi vill Leit komme wäerten.
Dir sidd an deem Sënn all häerzlech wëllkomm eng selwer gemaachen Zalot matzebrénge fir dass mir och sécher genuch hunn! Schreift dofir einfach an folgendem Link weieng Zalot der maache wëllt sou dass mir net 100mol di selwecht maachen!
https://docs.google.com/.../16bJ919yKNcKLc7Lq7su0.../edit... Merci am Viraus!
äre Comité