Belscht Béierfest 2023

Verëffendlecht, den 26.04.2023 Belscht Béierfest 2023
Leif AVL'er,
de 4. Mee ass et erëm esou wäit - Eist traditionellt Belscht Béierfest um Grillplatz am Goertzbrunnen steet virun der Dier.
Fir nëmmen 10€ (Member)/ 15€(Net-Member) kenn dir do vu Jupiler iwwer Kriek bis hin zu Delirium divers Zorte belsche Béier genéissen, an iech domat ofschéissen!🍻💀
Falls Béier net esou däi Fall ass, sti Softdrinks zu Verfügung (Cola, Cola Zero, Sprite a Waasser).
Fir déi Leit ënnert iech fir déi 2 Béier keng Moolzecht si gëtt et natierlech och Gegrills an Zalot, sou dass kee vun iech hongreg heem goe muss. (Fleesch, Veggie souwéi Vegan)🌭
Souwuel d'Iessen wéi och Gedrénks sinn an der Entrée mat abegraff!
Ausserdeem sinn och dëst Joer eis Kölner Noperen invitéiert zesumme wäert definitiv eng top Stëmmung opkommen!
Dëst mega Event start em 12h an hellt em 22h säi gloreicht Enn wat am Kaktus ausklénge gelooss gëtt.🌵
Mir bieden iech am AVL Kalenner oder op FB unzeginn ob der dobäi sidd, sou dass mir besser aschätze kenne wéi vill Leit komme wäerten.
C U @ Belscht Béierfest,
äre Comité 😋