Belscht Béierfest

Verëffendlecht, den 04.07.2021 Belscht Béierfest
Leif Memberen,
 
den 8. Juli ass eist Béierfest um Grillplatz am Goertzbrunnen.
 
Fir dass dat ganzt Coronaconform ofleeft muss awer jidderee getest oder vollstänneg geimpft sinn. Geimpft ass ee 14 Deeg no der 2ter Impfung, bzw. no der enger vu Johnson Johnson.
All déi aner géife mer bieden en zertifiéiere Schnelltest maachen ze goen.
Des kann ee gratis an Däitschland maache goen. Dëse Schnelltest ass 48h gutt. https://aachentest.de/buergertest
Och gëllt natierlech en negative PCR-Test, déi sinn 72h gutt.
 
Wann da jiddereen negativ ass, dierfe mer bis zu 100 Leit ouni Mask an ouni Ofstand op der Platz hunn.
Mir froen eis Membere 5eur Entrée an heifir kritt der Béier, Gegrills an Zalot bis keng méi do ass.
Ugoe wäert dat ganzt ab 12h a mir dierfen do bleiwe bis 22h.
 
Mellt iech weg. hei op FB un, sou dass mir besser aschätze kenne weivill Leit komme wäerten.
 
Bis en Donneschden,
äre Comité