Béierwanderung

Verëffendlecht, den 25.03.2022 Béierwanderung

?? De Mëttwoch, 6 Abrëll ass rëm endlech nees een AVL Event ugesot. Fir no dem ville Setzen, wärend der Klausurphase rëm lues a lues fit ze ginn, maachen mir, wei dat lescht Joer och schonn, eng Béierwanderung bis op den Dräilännereck. Treffpunkt ass mëttes um 14h45 um Marktplatz beim Karlsbrunnen. Hei krit der souvill Béier (oder Radler) wei der droen kënnt. Bréngt Iech am beschten ee Rucksak mat, fir dësen ze transportéieren. Um 15h00 trëpplen mir dann lass. Den Wee huet 5,7 km an ass gréisstendeels Pavé. Wanderschong braucht der also keng. Um Dräilännereck ukomm, ginn mir dann an d’Labyrinth an eventuell op eng Terrass ier mer eis dann rëm op den Wee an d’Staat maachen. Umellen brauch een sech net. Fir dass mir ongeféier wëssen weivill Béier mer kafen sollen, dréckt w.e.g op Zusage um FB Event.

Mir hoffen Iech en Mëttwoch dann a beschter Laun a bei hoffentlech guddem Wieder mat kalem Wegbier begréissen ze dierfen.

Bis dann!

Opgepasst: Falls d’Wieder net matspillen sollt, kann et sinn, dass d’Event verréckelt gëtt.