Béierwanderung

Verëffendlecht, den 02.04.2023 Béierwanderung
Léif AVLer,
endlech fënnt nees en AVL-Event statt! 😍D‘Summersemester 23 gëtt, wi schons läscht Joer, mat der Béierwanderung bis op den Dräilännereck agelaud. 🍺🔔
Mir gingen eis um 13.45 Auer um Marktplatz beim Karlsbrunnen treffen; jiddereen kritt do souvill Béier/Radler mat, wéi e schleefe kann. Bréngt Iech am bäschten e Rucksack/eng Posch/e Bollerwagen etc. mat, fir dësen ze transporteieren. 🎒
Géint 14 Auer ginge mer eis dann op de Wee maachen. Apropos Wee - deen besteet gréisstendeels aus Pavé, dir braucht also keng extra Wanderschung 🥾.
Um Ziel bis ukomm, ginn mer an d‘Labyrinth an eventuell op eng Terrasse an der Géigend, eet mer eis rem op de Retour maachen. Insgesamt wärten mer em déi 11 km trëppelen.
Fir dass mer wëssen, wivill Béier mer ongeféier kaafe sollen, dréckt w.e.g. op Zusage um Event op Facebook.
Fir di ganz motivéiert - den Owend wärt wi meeschtens am Kaktus 🌵 mat engem Feierabendbier oofgeschlooss ginn.
Mir hoffen, Iech nächst Woch de Mëttwoch bei guddem Wieder (☀️🌤️) an guddem kaalen Béier begréissen ze dierfen!
TLTR:
- Waat? —> Béierwanderung (ca. 11 km)
- Wéini? —> Mëttwoch, 05.04.
- Treffpunkt? —> Karlsbrunnen am Marktplatz um 13.45h
- Wat brauch ech? —> Rucksaak an e gudden Duuscht
Bis dohin,
Laure