Béierwanderung

Verëffendlecht, den 08.05.2021 Béierwanderung

 

Léiw Memberen,

en Donnëschden, den 13.Mee, ass endlech eis Béierwanderung!

Well momentan vill vun Iech net ëmmer zu Oochen sinn, fënnt des souguer zu Lëtzebuerg an an der Belsch statt. Mir kennen et leider net an direkter Emgéigend vun Oochen maachen, well déi momentan Restriktiounen et an Däitschland leider net zouloossen.

Dat Ganzt start em 14:00 an d’Gruppe ginn dann a reegelméissegen Zäitofstänn lass. Direkt um Start kritt dir (wann dir wëllt) vum Comité gratis 1 Sixer Béchse Béier à 0,5 Liter op de Kapp, fir dat jiddereen den Wee och ganz packt. Bréngt Iech am beschten ee Rucksak mat, fir dësen ze transportéieren an ee Bidon / eng Waasserfläsch oder Änleches fir de Béier ëmzefëllen. Ëmmerhin dierf een nach ëmmer keen Alkohol an der Ëffentlechkeet konsuméieren.

Mir maachen d’Wanderung a 4er Gruppen.

à Zu Lëtzebuerg start d’Wanderung zu Ettelbréck. Et ass een auto-pédestre vun insgesamt 9,4 km.

à Deen belsche Wee start an der Géigend vun Eupen. Genauer gesot am Naturzentrum Haus Ternell an ass insgesamt 8 km laang.

 

Wat musst dir maachen fir dobäi ze sinn?

-Dem Alain Georges ( alain.georges@avl.lu) Bescheed soen, wann dir an der Belsch matgitt an dem Lynn Aachen (lynn.aachen@avl.lu) wann dir zu Lëtzebuerg matgitt. Si deelen Eech dann méi genau Informatiounen  zu deene respektive Wanderunge mat. Do gëtt dann och gekuckt fir Fuergemeinschafte vun Oochen bis an d'Belsch ze bilden oder wéi een mam ëffentlechen Transport dohin kënnt.

-Wann dir mat bestëmmte Leit an d’Grupp wëllt kommen oder schonn eng 4er-Grupp zesummen huet, musst dir dat w.e.g. an der Mail uginn. Mir maachen nämlech een Zäitplang wéini genau wéi eng Grupp lassgeet, fir gréisser Mënschenusammlungen ze vermeiden.

-Dir musst an der Umellungsmail uginn, op dir ee Sixer Béier oder manner (oder kee Béier) fir ënnerwee wëllt. Dir kennt iech och Radler oder alkoholfräie Béier wënschen, wann dir Chauffeur sidd oder net drénke wëllt. Sou kënne mir besser aplangen, wéi vill Béier gebraucht gëtt

Wichteg ass, dat dir Iech bis spéitstens Mëttwoch 12:00 umellt!

Mir hoffen Iech en Donneschden dann a beschter Laun a bei hoffentlech guddem Wieder mat kalem Wegbier begréissen ze dierfen.

Bis dann!

Ären Comité