Café Rallye Intercercle

Verëffendlecht, den 14.11.2021 Café Rallye Intercercle
Léif Memberen a léif Frënn vum AVL,
Mëttwochs, den 24. November fënnt endlech rëm eisen traditionellen Café-Rallye-Intercercle zu Oochen statt. De Start ass um 18 Auer am Kaktus an der Pontstrooss. Hei gitt dir a Gruppe vun 10 Leit agedeelt bzw. bilt déi selwer. Fir dass Gruppe gutt duerchmëscht sinn, soll an all Grupp mindestens 1 Bleu an 1 Net-AVLer sinn. Dir kritt ee Froebou ausgedeelt a puer Aufgabe fir mat op de Wee an déi nächst Caféen. Sou verbréng der den Owend an deene flottste Caféë vun Oochen a kennt dobäi Froe beäntwerten a puer Spiller meeschteren. Fir déi beschte Grupp ass zum Schluss vum Owend dann och ee klenge Präis virgesinn.
Déi Leit aus den anere Cerclen géife mer bieden sech bei eis per Mail op comite@avl.lu unzemellen. Falls dir eng Schlofplaz sicht oder aner Froen hutt, da schreift eis dëst och gären.
Ausserdeem gëllt zu Oochen an de Caféen 3G-Reegel.
Mir freeën eis iech op eisem Café Rallye ze gesinn.
Léif Gréiss,
Ären AVL-Comité