Caférallye Intercercle 2022

Verëffendlecht, den 03.11.2022 Caférallye Intercercle 2022

Léif Memberen,

 heimat invitéieren mir Iech ganz häerzlech op eisen traditionellen Café-Rallye-Intercercle zu Oochen, den sech dëst Joer iwwer 3 Deeg vum 4 bis den 6 November 2022 streckt. Den Programm fir déi dräi Deeg gesäit folgendermoossen aus:
 
Freides: Owes um 20 Auer Wëllkommpatt am Kaktus
 
Samschdes: Café Rallye - Start um 13:30 am SOWISO (Pontstraße 164-166, 52062 Aachen). Startgeld fir den Rallye sinn 10€. An dem Präis ass dann och den Fräibeier owes nom Rallye matdran.
 
Sonndes: Moies um 11 Auer gi mer zesummen Brunchen. Dëst wäert am Extrablatt stattfannen. Duerno loossen mer dann den Dag gemittlech an den Thermen auskléngen.
 
Mellt iech weg. bis den 2 November fir déi eenzel Deeg un an iwwerweist dann den passenden Montant(10€ just Rallye an 25€ fir Rallye +Brunch) mam Betreff "Numm + Caferallye" op den Konto vum AVL (LU18 0019 1755 6653 8000)