Communiqué fir d’Summersemester 2023

Verëffendlecht, den 25.04.2023

Léif AVL’erinnen, Léif AVL’er,

D‘Summersemester 2023 ass do a gëtt de Startschoss fir déi nächst Saison vun AVL Events. Wourop genau dir iech freeë kënnt, deele mir iech an dësem Communiqué mat, dofir liest iech dee schéi brav duerch. Mir freeën eis elo schon, iech op de verschiddene Manifestatiounen ze gesinn!

 

Wéi och schon di lescht Joren ass de Lëtzebuerger Owend all Méindes Owes am Kaktus. Dëse start um 20h mat der Prouf vun eisem AVL-Chouer ënnert der Direktioun vum Philippe Weides - ganz nom Motto „Léiwer haart wéi richteg!“, dofir zéckt net, ze kommen. Wann dir ëmmer um aktuellste Stand bleiwe wëllt, wat de Chouer ugeet, kënnt dir och gären der Facebookgrupp bäitrieden.

 

Mir wëlle jo net nëmmen Drénksport bedreiwen, an dofir bidde mir iech och an dësem Semester nees Volley-, Basket- a Fussballtrainingen un. Ufanks wäerten dës nach an den Halen zu Kelmis stattfannen, soubal d’Wieder awer besser gëtt, verleeë mer dat Ganzt op de Königshügel, fir an der frëscher Loft ze trainéieren. Genau Datumer, ab wéini d’Location wiesselt, kritt dir nach matgedeelt.

 

Als éischt richtegt AVL-Event hu mir direkt Mëttwochs, de 5. Abrëll eng Béiwerwanderung geplangt. Op dëser gi mir eis emol ukucken wéi schéin di Oochener Ëmgéigend ass. Fir dass dat Ganzt ëmsou méi lëschteg gëtt, gëtt natierlech genuch Gedrénks matgeholl fir iech ënnerwee ze stäerken. Wéi all Outdoor-Event ass och dëst wiederofhängeg a muss evt. verréckelt ginn.

 

 

 

De “Student fir 1 Dag” ass dëst Joer Mëttwochs, den 12. Abrëll. Well mir nach kee genaue Programm vun der Studienberatung kritt hunn, kënne mer iech dozou nach näicht soen. Wéi all Joer si mer deen Dag awer drop ugewisen, dass eis Memberen hëllefen, de Schüler hier Froen zu de jeeweilege Studiegäng ze beäntwerten. Fir wéi eng Fächer Intressi besteet, deele mer iech nach mat. Am Nomëtteg ass awer wéi ëmmer jidderee wëllkomm, fir de Schüler Oochen ze weisen oder fir den traditionelle Patt am Kaktus dobäizestoussen.

 

Samschdes, de 15. Abrëll fuere mer an di oochener Virstad Köln, fir de Match vun Alemannia Aachen géint den 1. FC Köln II kucken ze goen. Infos zu Transport an Umeldunge kommen deemnächst no.

 

Mëttwochs, de 19. Abrëll, organiséiere mir e Spikeballtournoi, wou dir iech an Ekippe vun 2 Persoune géint aner AVLer an AVLerinne kënnt beweisen. Bei der leschter Editioun ass jiddereen d’office um Podium gelant, hoffentlech fannen sech dës Joer e puer méi Ekippen.

 

Als nächst geet et fir eis Samschdes, de 29. Abrëll op Louvain fir den Tournoi de l’ambassadeur. Hei verdeedegen eis Reine an eise Roi hiren Titel géint d’Béiermonarche vu Léck, Bréissel a Louvain an triede géint si am Kampf fir de Roi National un. Och am Fussball beweist sech den AVL hei, a wann dir Deel vun dëser Ekipp wëllt sinn, da mellt iech bei eisem Sportsminister François Welter (francois.welter@avl.lu). Weider Detailer zum genauen Oflaf komme nach no.

 

Donneschdes, de 4. Mee fënnt eist Belscht Béierfest statt. Hei versammele mer eis op der Grillplaz Gurzbrunnenstraße a loossen eis eng Rei belsch Béierzorte gutt schmaachen. Fir dass der gestäerkt kënnt déi eng oder aner Ronn Beerpong oder Flunkyball spillen, gëtt et och Gegrills an Zaloten. Wéi mer dat déi lescht Joren och scho gemaach hunn, gëtt dëst en „AVL meets LSC“-Event, dat heescht eis Kolleege vu Köln, a villäicht och e puer vu Maastricht, kommen op Besuch. Well d’Location e bëssen ausserhalb läit, rode mer iech un de Bus bis dohin ze huelen. Och hei gëllt, dass d’Event bei schlechtem Wieder ka verréckelt ginn.

 

Eisen traditionelle Staffellaf vun Ooche bis op Lëtzebuerg ass dëst Joer Freides a Samschdes, den 12. an 13. Mee. Freides geet vun Oochen aus bis op de Camping zu Housen. Owes geet et dann an de Restaurant, an et wäert och d’Méiglechkeet ginn do ze schlofen. Den 2. Dag geet et da vun Housen erof bis op Mertert, d’Gemeng vun eiser Presidentin, wou eis Leefer mat engem Éierewäin ëmpfaange ginn; och hei wäert fir Iesse gesuergt sinn. Wann dir motivéiert sidd fir matzelafen, da kommt Mëttwochs, de 26. Abrëll an de Kaktus, wou d’Streckenofschnëtter verdeelt ginn. Et si jeeweils Deeler vun 20 km, déi kënnt der iech awer nach eemol zu e puer Leefer opdeelen.

 

Dënschdes de 16. Mee fuere mir bis op Bonn fir hiren NRW Picknick. Fréier huet den AVL den Alesontia heiansdo op Oochen fir e Picknick invitéiert, dat ass awer iergendwann ënnergaangen. Eis Bonner Kolleegen wëllen dës Traditioun erëm operliewe loossen, wat mir eng super Iddi fannen.

Wa mer scho beim Thema „bei eis Noperen op Besuch goe“ sinn; mir ginn eis Frënn vum LSC eng Kéier op Köln op d’Summerfest besichen – mir wësse just nach net genau wéini.

 

Well dat d‘lescht Joer e vollen Erfolleg war, gi mer och 2023 erëm op de Landjugenddag, deen Donneschdes, den 18. Mee zu Tandel stattfënnt. Dat ass praktescherweis Christi Himmelfaart, also gëtt et bal keng Excuse, fir hei net matzekommen. Op dësem Rallye musse verschidde Statioune bewältegt ginn an am Idealfall sammelt een dann och nach Punkten dobäi. 2022 hate mer et mam AVL gepackt, déi 2. vu knapps 230 Plazen ze ergatteren! Déi Leeschtung muss jo bal verdeedegt, wa net souguer getoppt ginn.

 

Just 2 Deeg méi spéit, Samschdes, den 20. Mee, ass dann och schon den ING Night Marathon an der Stad, bei deem mir zesumme mam LSC en Iessens- a Gedrénksstand an e Ravi laanscht d’Piste bedreiwen; hei gëtt all Hand gebraucht, fir dass alles gutt iwwer d’Bühn geet. Natierlech sidd der awer och wëllkomm eis op de Stand besichen ze kommen an een (oder zwee oder nach méi) ze drénken.

  

Eng vun den intressantste Manifestatiounen ass dann eis Kulturrees, déi dëst Joer an déi polnesch Haaptstad Warschau geet. Vum 29. Mee bis den 03. Juni besiche mir hei verschidde Muséeën, maachen eng Food Tour a ginn duerch d’Alstad guidéiert. Natierlech kënnt den Amusement beim Pubcrawl oder Neon Minigolf net ze kuerz, mee ech wëll net ze vill verroden. Wann dir elo Loscht kritt hutt, matzekommen, da mellt iech nach bis Dënschdes, de 04. Abrëll (d’Frist ass verlängert ginn) bei eiser Kulturfee, dem Anita Barthelmy (anita.barthelmy@avl.lu).

 

Donneschdes a Freides, den 8.& 9. Juni, organiséiert den LSK erëm säi Beachvolleyballtournoi, wou mir mat e puer (lescht Joer 6) Ekippe matspillen. Kënnen ass hei Niewesaach well mir Spiller vun all Niveau dobäihunn, maacht iech also kee Kapp wann dir keng absolut Granat am Beachvolleyball sidd. Well d’Ufeieren awer genau sou wichteg ass wéi d’Spille selwer ass et och hei erëm un eisen AVL-Ultras fir mat op Kaiserslautern ze kommen a Stëmmung ze maachen. Owes nom Tournoi ass e Grillfest, wou natierlech deen een oder anere Patt gedronk gëtt an et ëmmer ganz lëschteg ass. Zu spéider Stonn gëtt da bei der Grillplaz gecampt - mee net ze laang, well Aufstehn ist schön!

 

Mëttwochs, de 14. Juni, ass RWTH FH Sports Day um Könighügel wou mir mat enger Fussballs- an enger Basketsekipp untrieden. Egal ob der matspillt oder just di bescht Supporter um Site wëllt sin, mir freeën eis iwwer jiddereen, deen do ass. Niewebäi kënnt der och vu verschiddene Schnupperkuere fir d’Sportangebot vun der RWTH profitéieren. Deen Dag ass och keng Uni, dir musst also och keng Course schwänzen.

 

Komme mer zu eisem wuel gréissten a wichtegsten Event vum Joer: der Ponttorfeier. Mëttwochs, den 21. Juni, kënnt dir iech wéi och schon di lescht Joren am Forum M eng Rei Virträg vun eise Partneren ulauschteren an duerno vun der Geleeënheet profitéiere, fir direkt mat hinnen an d’Gespréich ze kommen. Dëst ass eng super Méiglechkeet, fir sech eng Stage- oder och Aarbechtsplaz ze sëcheren, dofir loosst iech déi Chance net entgoen! Well dat Ganzt awer souwuel eise Partner wéi och iech och soll Spaass maachen gëtt et no de Virträg och e gutt Glas Wäin, Schampes oder natierlech Béier. Fir dass dir eis net erhéngert bidde mir iech och e Walking Dinner, wou dir iech fir d’Gespréicher mat de Partner (oder d’Drénke) stäerke kënnt. Gutt Musek ass och um Start, et gëtt also kee Grond, firwat ee net sollt op d’Ponttorfeier kommen.

 

Samschdes, den 1. Juli, fënnt zu Lëtzebuerg de Summercup statt, wou eis Futtballisten sech kënne beweisen. Weider Detailer heizou komme nach no, soubal mir se hunn.

 

Bei guddem Wieder fuere mer Mëttwochs, de 5. Juli, op Düren un de Badesee eis e schéinen Dag maachen. Di ganz motivéiert kënnen do och hiert Talent beim Wake Board oder Waasser-Ski op d’Prouf stellen. Weider Detailer zu dësem Event komme nach no, mee denk drun, dass och dat hei bei schlechtem Wieder ka verréckelt ginn.

 

Samschdes, den 8. Juli, trëtt eis Fussballsekipp géint eis Anciens un. Dësen traditionelle Match huet leider schon e puer mol missen ausfalen, dofir freeë mir eis ëmsou méi op dee vun dësem Joer. Hei sinn dann och erëm eis AVL Ultras gefrot fir eis Spiller unzefeieren a gutt Stëmmung um Terrain ze maachen. Méi genau Detailer zum Match deele mer iech nach mat.

 

Dat lescht AVL Event vum Summersemester ass d’Ofschlossfest, wat Méindes, den 10. Juli, zu Oochen ofgehale gëtt. Hei treffe mer eis fir e bëssen „Chillen, Grillen, Cajot killen“ a loossen d’Semester gemittlech auskléngen. Genau Informatiounen heizou deele mir iech zu engem spéideren Zäitpunkt mat.

 

 

 

De Studentebal vun der ACEL fënnt dës Joer Freides, de 14. Juli, statt. Wéi och lescht Joer bedreiwe mir hei zesumme mam LSC an LSM e Comptoire. Dëst ass eent vun den Eventer op deem mir op Hëllef ausserhalb vum Comité mussen zréckgräifen, dofir elo scho Merci deene Leit, déi eis do ënnert d’Äerm gräifen. E Bal ass awer kee Bal ouni Leit, déi dohi kommen, fir sech ze amuséieren, dofir haalt iech dësen Dag fräi a kommt den AVL (a villäicht och puer aner Cerclen) ënnerstëtzen.

 

Tëscht dem Summer- a Wantersemester läit d’REEL (Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois). Déi ass dëst Joer vun Donneschdes bis Sonndes, den 21. – 24. September zu Innsbruck an huet als Thema „Inoperabilitéit – Europaiwwergräifend Kompatibilitéit“. Detailer zur Umeldung etc. deele mer iech mat, soubal mir se hunn.

 

Dat war et, dir hutt et gepackt! Ech wënschen iech elo nach een erfollegräicht Summersemester a freeë mech schon, iech all op eise Soiréeën ze gesinn.

 

Vive den AVL

Vive de Comité

Vive den AVL-Chouer

Vive eis Memberen

Vive Lëtzebuerg

Vive Oochen

A vive an de Kaktus