Communiqué SS21

Verëffendlecht, den 11.04.2021

Léif AVL’er an AVL‘erinnen,

D‘Summersemester 2021 steet virun der Dier an de Comité wëll iech mat dësem Communiqué iwwert all Evenementer vun dësem Semester informéieren.

Wéi dir wësst, sinn Präsenzveranstaltungen am Moment zimmlech ageschränkt an et ass nach net gewosst wéini dess, ënnert den sanitären Mesuren, erëm kënnen ofgehalen ginn. Dofir fannt dir hei eng Lëscht vun den Eventer déi entweeder sécher online wäerte sinn oder just een provisoreschen Datum hun. Des kennen am beschten Fall normal an Präsens ofgehalen ginn, et ass awer och gutt méiglech dass se entweeder ofgesot mussen ginn oder ënnert enger anerer Form stattfannen wäerten. Liest dofir ëmmer brav är E-Mailen oder kuckt op eiser Facebook- oder Internetsäit no den Eventer, fir dass der och näischt verpasst! Mir sinn och ëmmer oppen fir méiglech Konzepter. 

Wann den  Gruppensport erëm erlaabt ass, wäert mëttwochs den Fussball an den Basket an dënschdes den Volleyball zu Kelmis sinn. Dat jeeweils vun 21-23 Auer. Fir den Beachvolleyball kucken mir erëm een Terrain um Königshügel lounen ze kennen soubal et méiglech ass. Dee Moment géif dann och den Volleyball dënschdes an der Hal ausfalen. Méi aktuell Informatiounen wäerten mer iech an de jeeweilegen FB-Sportsgruppen weiderginn. Wann der nach net an enger vun dësen Gruppen sidd, awer interesséiert sidd mol mam AVL Sport ze maachen, dann schreiwt eisem Sportsminister ënnert charel.fohl@avl.lu.

D’Männerchouerprouwen ginn am Moment wéinst den Restriktiounen net gehalen. Falls et ënnert enger bestëmmter Form rëm méiglech ass, wäert eisen Dirigent, den Philippe Weides, iech an der Männerchouer-Facebooksgrupp doriwwer informéieren. Denkt drun doheem schéin brav nom Motto “léiwer haart wéi richteg” ze üben!

Den Stammdësch fënnt momentan weiderhin all Méindes ab 20 Auer um Discord statt. Hei kennen mer zesummen schwätzen an och Online-Spiller, wéi Cards Against Humanity, Sribble, Codenames, etc. spillen. De Link fir den Discord-Channel fannt der an eiser FB-Grupp ënnert den Ankündigungen oder um Site ënnert den News. Wann d’Wieder bis besser gëtt an d’Reegelen gelockert goufen, wäerten mer eisen Stammdësch entweder an de Park oder an de Kaktus verleeën, wann deen rëm opmécht. 

An  d’Summersemester starten mir mat engem Quizowend deen Donneschdes den 15. Abrell iwwert Zoom a Kahoot! ofgehalen gëtt. Mir hoffen hei ee coolen Owend mat ville motivéierte Spiller ze verbréngen. Firt Event ass keng Umeldung néideg, dir kennt einfach luussen kommen. Natierlech wäerten et hei och fir déi Bescht e puer flott Präisser ze gewannen ginn.

Den AVL feiert d’nächst Joer seng 125 Joer. Dës Feier soll iwwert dat ganzt Joer 2022 mat diversen Eventer zu Oochen an och zu Lëtzebuerg zelebréiert ginn. Des Eventer ginn vun engem extraen Organisatiounscomité an Zesummenaarbecht mat den Anciens organiséiert. Heifir fënnt Donneschdes den 22. Abrëll een Zoom-Meeting statt. Wanns du motivéiert bass matzehëllefen, gutt Iddien hues oder dech einfach informéieren wëlls em wat et geet, dann kanns du dech den 22. Abrëll gären aschalten a mat diskutéieren. Wanns de dech schon direkt fir de Veranstaltungscomité wëlls mellen, dann schreif eng Mail un jeannemarie.wagener@avl.lu.

De Weekend vum 1. an 2. Mee organiséiert den Comité en FIFA21 Turnéier. Dat ganzt wäert online stattfannen an du brauchs fir matzemaachen eng Playstation 4 sou wéi d’Spill Fifa21. Dir kënnt iech bis Dënschdes den 27. Abrëll iwwert E-Mail beim Tom Hut (tom.hut@avl.lu) umellen.

Als Comité hunn mir fir d’Daf leider keng besser Alternativ fonnt wéi se ze verréckelen. Fir trotzdeem eppes fir ons Erstis kennen ze organiséieren, a fir dat si d’Staat Oochen an den AVL besser kennen kenneléieren, organiséieren mir een Ersti-Rallye. Dësen soll Donneschdes den 6. Mee stattfannen. Den Datum ass awer nach provisoresch a kéint sech bis dohin nach änneren. Falls Memberen vum AVL drun interesséiert sinn matzehëllefen an den Rallye matzeplangen, kennt dir iech gären beim Comité mellen. Falls een vun iech eng Iddi zu enger gudder, coronakonformer a méiglechst equivalenter Daf hutt, dann kennt der ons déi gären matdeelen. All Ersti deen motivéiert wier hei mat ze maachen géifen mir bieden sech ënnert jeannemarie.wagener@avl.lu ze mellen, fir dass mir wëssen mat weivill Leit mir plangen mussen.

Dënschdes den 11. Mee wäert den Cyrille Nickels een Pokerturnéier organiséieren. Dat Ganzt leeft iwwert pokerstars.com wou een sech gratis een Account kann maachen. D’Kommunikatioun wäert iwwert Discord oder Zoom sinn an et gëtt net mat Echtgeld gespillt. Natierlech wäerten et och flott Präisser ze gewannen ginn, des ginn awer vum Comité gestallt. Wann der motivéiert sidd, mellt Iech bis Samschdes den 8. Mee iwwert E-Mail (cyrille.nickels@gmail.com) oder iwwert Facebook beim Cyrille un.

Den Landjugenddaach, deen eigentlech Donneschdes den 13. Mee sollt sinn, gouf ofgesot. Als Ersatz wëllen mir eng Béierwanderung vun ca. 5 km organiséieren. Des wäert, wann méiglech, zu Oochen oder an der Ëmgéigend stattfannen. Wann et besser zu emsetzbar sollt sinn, dann gëtt se dohin verluecht. Ziel heibäi ass et een Kajot Béier an Gruppen vun 2-4 Leit innerhalb vun dësen 5 km ze drénken. Den Tour ass eréischt fäerdeg wann och all Béier gedronk gin ass.

Eisen traditionellen Staffellaf fänkt Freides den 21. Mee zu Oochen op der Maartplaz virum Rathaus un. Hei wäert hoffentlech d’Oberbürgermeisterin eis Moies de Startschoss gin. Dann lafen mir den éischten Dag ofwiesselend bis op Housen. Samschdes den 22. Mee fänken mer dann rëm zu Housen un an lafen vun do bis op Wuermer, dem Jeanne-Marie seng Heemechtsgemeng.  Zum Ofschloss ginn mer dann zu Wuermer op der Koeppchen vun der Gemeng zu engem klengen Éirenpatt invitéiert. An weienger Form den Ofschloss oflafen wäert, mussen mer nach méi kuerz virum Staffellaf mat der Gemeng klären. Wanns de beim Staffellaf matlafen wëlls, dann mell dech beim Charel Fohl (charel.fohl@avl.lu).

D’Kulturrees muss leider bis op weiders verréckelt ginn. Et lafen awer Rumeuren dass puer AVL’er an AVL’erinnen sech iwwert eng Wanter-Skivakanz-Editioun freeën géifen. Als klengen Ersatz am Summer kucken mir fir an der Exkursionswoche 2-3 Deeg ze organiséieren wou mer zesummen bei de Rursee wanderen oder/an campen ginn.

Méindes den 31. Mee fënnt een Meeting mat Drees&Sommer iwwert Zoom statt. Dësen Sponsor ass e bureau d’étude am Bausektor an ass souwuel zu Lëtzebuerg wéi och hei zu Oochen vertrueden. Wann der Interesse hutt Kontakt mat engem potentiell, zukünftegen Chef ze knäppen, iech e Stage wëllt organiséieren oder einfach nëmmen iech den Virtrag wëllt ulauschteren, dann mellt iech heifir w.e.g. beim Lynn ënnert lynn.aachen@avl.lu un.

Donneschdes den 3. Juni ass onseren Spikeball Tourneier. Heifir wäerten mir puer Netzer organiséieren, sou dass puer Ekippen vun jeeweils zwou Persounen gläichzäiteg géinteneen spillen kënnen. Dat ganzt wäert ënnert der Leedung vun eisen 2 Profispillern, dem Pol Mathay an dem Marc Devillet, oflafen. Sie wäerten iech dann och d’Spillreegelen erklären, sou dass et keng Viraussetzungen ginn fir matzemaachen, ausser Member vum AVL ze sinn.

Den Intercercle zu Kaiserlautern Beachvolleyball Tournoi ass fir Donneschdes den 10. a Freides den 11. Juni ugesat. Natierlech freeën mer eis all ganz vill op den flotten Intercercle, mee leider hunn eis Kolleegen aus dem LSK am Moment Problemer fir hier Locations ze buchen. Aus dësem Grond waarden mer op weider Informatiounen a wäerten iech déi deementspriechend weiderginn.

Donneschdes den 17. Juni wollte mer zesummen op den Dürener Badesee fueren fir do ee flotten Dag ze verbréngen. Wann d’Wieder matspillt, freeën mir eis op en flotten Dag wou mer um Strand chillen, am Waasser planschen a vill gutt Laun verbreeden wäerten. Dest ass déi perfekt Geleeënheet fir dat super flott neit AVL-Duch auszepaken.

Kuerz no Nationalfeierdag wäert ons Ponttorfeier Donneschdes den 24. Juni sinn. Dess wäert, wei déi läscht Joren üblech, am Forum M iwwert der Mayerschen stattfannen. Kostüm a Krawatt oder e schéint Kleed sinn hei ugesot, denkt also drun är Kleeder vun Lëtzebuerg matzebréngen. Op der Table Ronde wäerten sech eis Sponsoren virstellen. Dono kënnt dir bei engem Glas Wäin an e puer Schnittercher nach méi genau mat hinnen a Kontakt trieden. Sou leiert der méiglech Aarbeschtkollegen kennen, kennt iech awer och eng Stageplatz oder en Virstellungsgespréich sécheren. No denen eeschten Gespréicher gëtt Stëmmung dann och méi locker an et gëtt zesummen gefeiert. Jo mir wëssen, dat dëst momentan nach ganz optimistesch geplangt ass.

Donneschdes den 1. Juli ass dann eist Belscht Béierfest. Wéi de Numm et scho seet, besuerge mer hei verschidden Zorten vun belschem Béier a loossen eis déi gutt schmaachen. Des wäert wei ëmmer am Adamshäuschen stattfannen an et wäert réischt Schluss sinn, wann ons de Béier ausgeet. 

Den Studentebal ass Freides den 9. Juli. D’ACEL ass hei um austüftelen ënnert weiengem Konzept dëst stattfannen soll, si sinn awer ganz motivéiert de Studentebal kennen durchzezéien. Mir freeën eis drop zesummen mat der ACEL an den aneren lëtzebuerger Cerclen e ganz flotten Owend kennen ze verbréngen.

Fir d’Semester ofzeschléissen, fënnt Donneschdes den 15. Juli eist Oofsch(l)ossfest statt, wou mer eis zesummen am Fräien wäerten treffen fir eng leschten Kéier virun de Klausuren zesummen unzestoussen. Traditionell wäert hei dann och rëm e Bamstamm mat Neel vollgehummert gin.

Iwweregens fir déi wou et nach net gesinn hunn: eisen häerzensgudden Webmaster de Loïc hutt eis en wonnerschéinen Kalenner um Site gebastelt. Ënnert Events gin lo sämtlech Veranstaltungen agedroen, an dir kennt iech lo och iwwert dësen Wee umellen, komplett onofhängeg vun Facebook.

Zousätzlech hunn mer missten feststellen dass d’Unzuel vun Memberen wärend Corona leider staark ofgeholl huet. Mir géifen dofir jiddereen, deen weiderhin iwwert alles informéiert bleiwen wëll an un eisen Soireen deelhuelen well, bieden d’Cotisatioun vun 15 Euro ze iwwerweisen an sou weiderhin en treien Member vum AVL ze bleiwen.

Mir wënschen iech all en erfollegräicht Semester, an hoffen dass mir op all dësen Evenementer vill Spaass zesumme wäerten hunn. An mir wënschen deenen déi nach e puer Klausuren schreiwen mussen weiderhin nach vill Courage.

 

Vive den AVL

Vive de Comité

Vive de Männerchouer

Vive Oochen

Vive eis Memberen, déi natierlech op all eis Soiréeë kommen

Vive Lëtzebuerg

Vive de Summer

Vive d’AVL Ladies

A Vive an de Kaktus

 

Fir de Comité,

Justine