Communiqué Wantersemester 20/21

Verëffendlecht, den 11.10.2020

Léif AVL’er,

 

 

D‘ Wantersemester 20/21 steet virun der Dier, an de Comité well iech mat dësem Communiqué iwwert all Veranstaltung vun dësem Semester informéieren.

 

Wéi dir wësst, ginn et am Moment immens vill Aschränkungen wéinst dem COVID-19, sou dass mir gezwongen sinn eis AVL Soiréeën an Veranstaltungen unzepassen. Aus dem Grond wëlle mir heimat drop hiweisen, dass all Veranstaltung déi elo hei opgezielt gëtt zu all Moment ofgesot kann ginn, je nodeem wéi et mat den Infektiounszuelen zu Oochen ausgesäit. Mir probéieren natierlech all Veranstaltung sou gutt et geet ëmzesetzen an sinn frou fir all Hëllef déi mir kréien, also zéckt net eis unzeschreiwen un comité@avl.lu falls dir Ideen hutt, wéi een dat Semester méi spannend gestalten kéint. Fir all Veranstaltung ass dann och eng Umellung néideg. Dëst wäert dann iwwert eise Site www.avl.lu laafen. Dofir hunn mir ënnert Events ee Kalenner ageriicht wou d’Veranstaltungen duergestallt ginn. D‘Umellungen starten dann ëmmer 2 Wochen virun all Veranstaltung an ginn bis den Dag virun der Veranstaltung. Fir ëmmer Up To Date ze sinn, hutt dir d’Méiglechkeet de Kalenner ze abonéiere, soudass all Eventer automatesch op ärem Handy/Laptop ugewise ginn.

 

Samschden, den 24. Oktober fënnt dann déi éischt AVL-Aktivitéit statt: den Oochener Bal zu Lëtzebuerg an der Apoteca. D‘Entrée kascht 3€. D’Konzept ass dëst Joer bëssi anescht: de Bal gëtt am Sëtzen ofgehalen. Lass geet et um 19 Auer an et leeft bis Mëtternuecht, natierlech wéi et dem AVL’er gefält mam traditionellen Campari-O! Fir den klengen Honger huet een och d’Méiglechkeet sech ee klengen Snack op der Plaz ze kafen.

 

Mëttwochs, den 28. Oktober ass dann d’Oochener Oktoberfest am Ponttor mat Béier, der richteger Musek an déi eng oder aner bayresch Spezialitéit. Fir déi Leit déi d'Ponttor net kennen, et gëtt eng begrenzten Unzuel vun 40 Persounen aus Sécherheetsgrënn. Dat heescht déi éischt sënn vir. Fir 5€ heescht et dann all you can drink (soulaang es nach do ass) an eng Bretzel sou wei 2 Weißwürste op den Kapp.

Mir erwaarden iech natierlech an der passender Kleedung.

 

Mëttwochs, den 4. November ass dann déi traditionell Soirée de Bienvenue. Och hei ass een anert Konzept virgesinn: D’Erstien hunn d’Méiglechkeet mat eis iessen ze goen fir den AVL kennen ze léieren an fir sech ënnerteneen kennen ze léieren. Sidd dir also nei zu Oochen oder kennt ee(nt) deen (dat) grad hei ugefaangen huet, zéckt net fir laanscht ze kommen, well dir hei eng perfekt Geleeënheet wäert kréien fir nei Leit kennen ze léieren. Ween dann nach eng Memberskaart brauch, kritt déi och hei ze kafen.

 

Mëttwochs, den 10. November ass dann schonn eis Stee. Op dëser flotter Soirée hoffe mir sou vill wei méiglech Bleuen, déi hier Daf wëlle bei eis matmaachen, ze gesinn. Selbstverständlech brauche mer awer och genuch motivéiert Memberen, déi bereet sinn sech fir ee Sale Bleu ze duelléieren.

 

Passend zum Thema wëllen mir dann och drop hiweisen, dass d‘Daf an de Summer verluecht gëtt. Aus hygienesche Grënn ass et net méiglech d’Daf sou ëmzesetzen wéi et traditionell zu Oochen gemaach gëtt. Mir hoffen eise Bleuen am Summer eng besser Daf ubidden ze kënnen an hoffen dass d’AVL’er dann genau sou motivéiert sinn wéi soss, fir doraus een coolen Owend ze maachen. All Bleu deen eppes drop hält ee richtegen Oochener Student ze ginn, sollt hei untrieden a säi Mann respektiv seng Fra stellen.

 

Den 12. an den 13. November ass den AVL dann op der Foire de l'Etudiant vertrueden, déi dëst Joer online ofgehale gëtt. Hei probéiere mir potentielle Studenten bëssi eppes iwwert d'Unien an d'Uni-Liewen zu Oochen ze vermëttelen.

 

Donneschdes, den 19. November sollt eis traditionell Table Ronde an Ponttorfeier am Forum M stattfannen. Leider kann och déi Veranstaltung net an dem Style ofgehale ginn, wéi mir et bis elo kennen. Et wäerte virtuell Meetinge gemaach ginn, wou e puer vun eisen Sponsoren sech virstellen an dir doropshin d’Méiglechkeet hutt mat den Sponsoren ze interagéieren. Hei hutt dir d’Chance mat de Sponsoren a Kontakt ze trieden an eventuell een Job oder ee Praktikum ze fannen.

 

Mëttwochs, den 25. November komme mer zu enger vun deene flottste Soiréeën vum AVL, dem Café Rallye alias Stad Rallye. Vu dass dëst Joer grouss Gruppen an Caféë net erlaabt sinn, verlagere mir eis Rallye an d’Natur. Wéi déi läscht Joren gëtt de d‘Rallye erëm als Intercercle organiséiert, sou dass eis Kolleegen aus den Nopeschdierfer äert Team kennen verstäerken. Mir leeën allen Leit un d'Häerz dëst Evenement net ze verpassen. Et ass wierklech derwäert an et leiert een och ganz vill nei Leit kennen.

 

Mëttwochs, den 9. Dezember kennt de Kleeschen op Oochen. Wann der iech gutt schéckt huet de Kleeschen och bestëmmt déi eng oder aner Séissegkeeten fir iech matbruecht. Mat bëssi Glühwäin fir de Bauch waarm ze halen oder ee Béier fir den Duuscht, hoffen mir ee flotten Owend mat iech ze verbréngen.

 

Mëttwochs, den 2. Dezember organiséiere mir eng Béier Soirée. Informatiounen zum Konzept kommen nach no.

 

Kuerz viru Chrëschtdag sollt dann den Tournoi de Noël den 22. an 23. Dezember stattfannen. Leider kann och dëst Event sou wéi mir et kennen net stattfannen. Am Moment gëtt nach no enger Alternativ gesicht.

 

Mëttwochs, den 16. Dezember organiséiere mir rëm ee Quizowend. Mir hoffen ee coolen Owend mat villen motivéierte Spiller ze verbréngen.

 

Eis AG am Joer 2021 ass fir Mëttwochs, den 20. Januar geplangt, an mir hoffen, dass sech erëm puer nei Leit fir deen nächsten minabele Comité mellen.

 

An net ze vergiessen, dass dëst Joer all Méinden Lëtzebuerger Owend am Kaktus ass. Op dësem Dag treffen sech dann ëmmer eng ganz Rëtsch AVL’er am Kaktus. Hei bleift ee gär schonn mol méi laang hänke wéi en eigentlech wollt a virun allem vir eis Bleuen ass et eng gutt Méiglechkeet puer nei Leit kennen ze léieren. Nieft dem Männerchouer sinn och ganz dacks vill motivéiert “Meier”-Spiller do oder et gëtt einfach ouni Grond ee Meter nom anere bestallt.

 

Op eisem Site www.avl.lu an op der Facebook Säit vum AVL fannt dir ëmmer déi néideg Informatiounen, an dir kritt mat Sécherheet och meeschtens via Mail Bescheed gesot wat deemnächst virun der Dier steet. Bei weideren Froen kënnt dir iech och gären beim Comité ënnert comite@avl.lu mellen.

 

De Comité wënscht iech en erfollegräicht Semester, an hofft dass déi laang Lëscht un Veranstaltungen ëmgesat kann ginn. Bleift gesond!