Communiqué Wantersemester 2021/2022

Verëffendlecht, den 05.10.2021

Communiqué fir d’Wantersemester 2021/2022

Léif AVL'er an AVL'erinnen,

An kierzester Zäit start dat neit Semester an de Comité freet sech iech mat dësem Communiqué all eis Eventer am Wantersemester virzestellen. Wei di lescht Joere schon, erwaarden iech och dëst Joer erëm flott Aktivitéiten a Soiréeën, dobäi gi mir eis Bescht dass alles a Präsens starte kann an dass alles coronakonform ofgehale gëtt. Sou kenne mir optimal an dat neit Semester starten.

Mëttwochs, den 13. Oktober gëtt dat neit Semester mat der traditioneller Soirée de Bienvenue am Kaktus gestart! Hei ass wëllkomm - egal op Ersti oder ons aktuell trei AVL-Memberen! Kommt laanscht, drénkt ee Béier a genéisst de Start vum Semester. Et ass net nëmmen ee flott gemeinsamt Treffen mee och déi perfekt Geleeënheet fir ons nei Bleuen kennenzeléieren. Wanns du als nei hei zu Oochen bass: komm gäre laanscht a leier den AVL kennen. De Comité ass natierlech och present, soudass du all deng Froen do stelle kanns. Ab 20 Auer gëtt et Fräibéier a jiddereen deen nach keng AVL’s Memberskaart hutt kann se hei kafen.

Mëttwochs, den 20. Oktober geet et dann direkt weider mat eiser Stee. Do ziele mer dann op ons motivéiert Memberen fir esou vill Bleuen wéi méiglech gesteet ze kréien. Dofir och zäitgläich een Opruff un ons Bleuen: wanns du d‘Daaf bei ons wëlls mat man da komm deen Mëttwoch an de Kaktus! Sou husste d‘Meiglechkeet een Parrain oder eng Marraine ze kréien. Des Persoun këmmert sech dann em dech bis dass du prett fir d‘Daaf bass!

Fir dass d‘Daaf een Erfolleg gëtt, brauche mer natierlech och ee gudden Dafcomité! Mëttwochs, den 27. Oktober treffe mer ons fir ons Dafversammlung ofzehalen a verdeelen di verschidde Chargen fir dass ons Sale Bleuen och een onvergiesslechen Owend hunn. Denkt drun dass des Versammlung just fir Leit ass déi d‘Daf schon gemaach hunn, et däerf kee Sale Bleu derbäi si well do Detailer iwwert d‘Daaf beschwat ginn.

D‘Studentefoire fënnt des Joer a bëssi enger anerer Form statt wéi soss. Vun Méindes den 25. Oktober bis Mëttwochs den 27. Oktober kennen d’Schüler um Site bei di verschidde Cerclen an Unien schnuppere goen. Donneschdes den 28. Oktober a Freides den 29. Oktober wäerten se online mam AVL interagéiere kennen a Samschdes den 30. Oktober wäert d‘Foire a Präsens um Belval sinn. Déi puer Deeg hoffe mer natierlech de potentielle Studenten esou vill wéi méiglech iwwert Oochen an d‘Uni-Liewen ze erzielen.

Dënschdes den 26. Oktober geet den AVL an d‘Skihaal op Landgraaf. Firwat? Fir ons Ufänger am Ski direkt un de Schnéi a Skischong ze gewinnen éier et Enn November an d‘Bierger geet an et Eescht gëtt. Jiddereen ass do natierlech wëllkomm fir puer Stonnen Ski fueren ze goen.

Dann hoffe mir, dass dir all motivéiert sidd fir Samschdes, den 30. Oktober ob den Oochener Bal an der Stad ze kommen. Ticketen kritt dir entweeder am Virverkaf bei den Comitésmemberen oder an der Oweskees den Owend selwer. Kommt all laanscht an drénkt ee gudden Campari-O mat ons mat!

Donneschdes, den 4. November fënnt dann och di aller Éischt Wantereditioun vun der Table Ronde a Ponttorfeier statt. Dat Ganzt fënnt am Forum M iwwert der Mayerschen an Tenue Correcte statt. Op der Table Ronde wäerten sech puer vun eise Sponsoren virstellen an dir hutt d‘Geleehnheet iwwert engem Glas Wäin a Schnittercher méi mat hinnen a Kontakt ze trieden.

Donneschdes den 11.11 ass wei ëmmer Karneval zu Köln. Dëst Joer wäert dat leider ganz beschränkt sinn, sou dass vill Leit keen Ticket wäerte kréien. Mee eis Kolleegen aus dem LSC denken do un jiddereen a sinn um plangen wei se hieren Intercercle méiglechst mat jidderengem vun eis ëmsetze kennen.

Mëttwochs, den 17. November fënnt dann och d‘Daaf statt. All Sale Bleu dee mengt en hätt genuch Wuppes fir d’Daf ze packen an ee richtegen Oochener Studenten ze ginn, kann sech hei beweisen! Dëst Event gëtt am freien Owend gestart soudass sech och keen drécke kann! Zum Schluss gëtt dann och de ‘‘Roi des Bleus'' an d'''Reine des Bleuettes'' gekréint.

Endlech fënnt dann och eisen Intercercle an Form vun engem Café Rallye statt! Mëttwochs den 24. November kennt der iech a Gruppen duerch di verschidde Caféen zu Oochen duerchmuerksen a versichen an de verschidde Spiller a Quizzen sou gutt wéi méiglech ofzeschneiden. Fir di bescht méiglech Konditiounen dofir ze hunn kennt der äert Team mat onsere Kolleegen aus den Nopeschstied verstäerken. Verpasst des Event net! Dass eng ideal Geleeënheet nei Leit kennen ze leieren, Spaass mat Kolleegen ze hunn a villäicht deen een oder aneren neie Café kennen ze leieren.

Vun Dënschdes den 30. November bis Sonndes den 5. Dezember fënnt ons aller éischt AVL Kulturrees am Wanter statt! Egal op Profiskifuerer oder Rookie, jiddereen ass wëllkomm mam AVL zu Tignes Ski fueren ze goen. Mueres a Mëttes gëtt dann relax Ski gefuer an am spéiden Nomëtten geet et dann direkt mam Après-Ski lass. Loosst iech des eemoleg Rees net entgoen a fuert mat ons an d’Bierger.

Mëttwochs den 8. Dezember fënnt onst kombinéiert Event tëschent Glüwäinsoirée an dem Besuch vum Kleeschen statt. Weieng besser Kombinatioun gëtt et wei déi wou ee mam Houseker a Kleeschen iwwert d’Spiichten vun de Kolleege schwätzt an dobäi de Bauch mat Glüwäin waarm hale kann. Béier gëtt et och fir déi di eppes géint den Duuscht brauchen. Scheck iech also bis dohinner gutt, da kritt der och keng Rutt!

Dëst Semester hu mer och eng nei Aktivitéit fir iech: AVL-meets-LSC! Donneschdes den 9. Dezember kommen ons Kolleege vu Köln op Oochen fir zesummen op de Chrëschtmaart ze goen. Méindes, den 13. Dezember ass et dann vice versa. Mir hoffen dass mer ons bei deem Treffpunkt ganz zuelräich weise wäerten!

Mëttwochs den 15. Dezember ass onseren lëtzebuerger Béierowend. Mir bidden iech hei eng Unzuel u verschidde lëtzeboier Béieren! Kommt also zuelräich bei ons gucken soudass mer och zesummen op de gudde lëtzeboier Béier proste kennen.

Méindes den 27. Dezember an Dënschdes den 28. Dezember fënnt dann och den traditionellen Tournoi de Noël um Geesseknäppchen statt! Den éischten Dag gëtt Volleyball a Basketball gespillt, den zweeten Dag ass Fussball drun. Natierlech wëlle mer ons och di éischt Platz sécheren, dofir brauche mer wéi ëmmer ganz motivéiert an ambitionéiert Sportler an Ultra um Tournoi! Fir dass mer do och eppes daache wäerten mer och puer mol wärend dem Semester zesummen trainéiere mussen. All Dënschden steet vun 21 Auer bis 23 Auer Volleyball um Programm. All Donneschdes gëtt Basketball vun 21 Auer bis 23 Auer gespillt an Fussball vun 21:30 bis 23:30. D’Traininge fannen wei gewinnt zu Kelmis an der Hal statt. Jidderee vun all Niveau ass heibäi wëllkomm.

Ons AG fënnt Mëttwochs den 12. Januar statt. Mir hoffen dass vill Memberen kommen, soudass mer genuch Leit hunn fir de nächsten minable Comité ze besetzen. D’Auszielung an d’Virstellung vum neie Comité fënnt wéi ëmmer am Kaktus statt.

Eisen AVL Chouer sicht och nei a motivéiert Memberen, fir dass des Traditioun och erhale bleift. Prouwen sinn an der Reegel all Méindes am Kaktus wou dann eng Rëtsch bekannte lëtzeboier Lidder gesonge ginn. Komm also och du laanscht a sang mat! An wannste fäerts dass du net gutt genuch dofir bass, denk un eist Motto: ‘‘Leiwer haart wei richteg!‘‘. Hei ass och d’Facebook Grupp: https://www.facebook.com/groups/213125408717490/ 

Ze gudder Lescht ass natierlech net ze vergiessen dass all Méindes Owes ëmmer Lëtzebuerger Owend am Kaktus ass. Do treffen sech dann ëmmer eng gutt Partie AVL’er fir den Owend zesummen ze verbréngen an zesummen ze drénken. Zemools fir ons Bleuen ass et di ideal Soirée fir nei Leit kennenzeléieren an a méi noem Kontakt mat den AVL‘er ze trieden. Just oppassen dass d’Gefor besteet dass ee méi laang do hänke bleift wei een eigentlech geplangt hat.

Wei der warscheinlech nach wësst, si mer nach ëmmer op der Sich no engem neien Webmaster, nodeems eise beschte Loïc leider zeréck trëtt. Als Webmaster muss een sech no eisem Internetsite këmmeren an ons bei informatesch technesche Probleemer hëllefen. Wann dir also dorunner interesséiert sidd oder ee kennt deen des Positioun afëlle wëll kennt der ons iwwert comite@avl.lu kontaktéieren.

Op eiser Homepage www.avl.lu an op der Facebook Säit vum AVL si der ëmmer um neiste Stand iwwert di notriedend Eventer a kritt all néideg Informatiounen an Details dozou matgedeelt. Dir kritt des Informatiounen och iwwert E-Mail. Fir all Soirée erstelle mer eng Facebook-Veranstaltung fir dass der do och kuerzfristeg all Detailer oder Ännerungen gesot kritt. Bei weidere Froen kennt der ons gären ënnert comite@avl.lu schreiwen.

De Comité wënscht iech alleguerten vill Erfolleg am neie Semester an hofft dass der alleguerten vill Spaass op eise Soiréeën wäert hunn!

Vive den AVL

Vive de Comité

Vive den AVL Chouer

Vive Oochen

Vive eis Memberen, déi natierlech op all eis Soiréeë kommen

Vive Lëtzebuerg

Vive de Wanter

Vive d’AVL Ladies

A Vive an de Kaktus

 

Fir de Comité,

 

Justine