Dafversammlung 2023

Verëffendlecht, den 20.10.2023 Dafversammlung 2023

⛔️OPGEPASST! GANZ WICHTEG:

D'DEELHUELEN UN DËSER VERANSTALTUNG ASS FIR SALE BLEUEN STRENGSTENS VERBUEDEN!⛔️

 

Léif AVLer, léif "Net-Sale-Bleuen",

Déi Alljärlech Dafversammlung steet rëm un!🔥 De 23.10 em 18Auer ass et esou wäit. D'Versammlung wäert allerdéngs des Joer NET am Magellan stattfannen meee am Chico Mendes am ofgetrennte  Raum (hannen). Dat huet de Grond, dass mer do ënnert eis sinn an d'Kommunikatioun besser funktionéiert.

Vue dass am Uschloss och de Lëtzebuerger Owend stattfënnt, gëtt d'Versammlung schonn em 18Auer gestart sou dass mir uschléissend an de Kaktus iwwergoe kënnen.🌵 Natierlech kenn dir am Chico Mendes wärend der Versammlung och eppes drénken an Snacken (op eege Käschten!).🍽

 

Um Programm vun der Versammlung stinn:

Opstelle vum Dafcomité

Opdeele vun den eenzele Memberen op déi jeeweileg Spiller/Statioune vun der Daf

Organisatoresches

Besonnesch Ufuerderungenen:

Du bass Member

Du muss gedeeft sinn!

Wanns du als gedeefte Member also och mol eng Kéier op der anerer Säit stoe wëlls an de Sale Bleuen eng genausou 'schéin' Daf erméigleche wëlls wéi deng eegen da komm gäre laanscht!😜

Falls de gären dobäi wiers allerdéngs verhënnert bass oder méi spéit komme wëlls so einfach éiser Kulturfee dem Anita Barthelmy Bescheed!

Mir hoffen iech zuelräich a motivéiert op der Versammlung kënnen erëmzegesinn!

Op en gudden Owend an eng gutt Daf🍻,

 

Fir den AVL,

Äre Comité💛🖤