Dafversammlung

Verëffendlecht, den 15.10.2022 Dafversammlung
⛔️OPGEPASST! GANZ WICHTEG:
D'DEELHUELEN UN DËSER VERANSTALTUNG ASS FIR SALE BLEUEN STRENGSTENS VERBUEDEN!⛔️
Léif AVLer, léif "Net-Sale-Bleuen",
Déi Alljärlech Dafversammlung steet rëm un!🔥 De 24.10 em 18Auer ass et esou wäit. D'Versammlung wäert allerdéngs des Joer NET am Labyrinth stattfannen (dat huet zou) meee am Magellan.
Vue dass am Uschloss och de Lëtzebuerger Owend stattfënnt, gëtt d'Versammlung schonn em 18Auer gestart sou dass mir uschléissend an de Kaktus iwwergoe kënnen.🌵 Natierlech kenn dir am Magellan wärend der Versammlung och eppes iessen (op eege Käschten!).🍽
Um Programm vun der Versammlung stinn:
- Opstelle vum Dafcomité
- Opdeele vun den eenzele Memberen op déi jeeweileg Spiller/Statioune vun der Daf
- Organisatoresches
Besonnesch Ufuerderungenen:
- Du bass Member
- Du muss gedeeft sinn!
Wanns du als gedeefte Member also och mol eng Kéier op der anerer Säit stoe wëlls an de Sale Bleuen eng genausou 'schéin' Daf erméigleche wëlls wéi deng eegen da komm gäre laanscht!😜
Falls de gären dobäi wiers allerdéngs verhënnert bass oder méi spéit komme wëlls so einfach éiser Vice-Präsidentin dem Anita Barthelmy Bescheed!
Mir hoffen iech zuelräich a motivéiert op der Versammlung kënnen erëmzegesinn!
Op en gudden Owend an eng gutt Daf🍻,
Fir den AVL,
Äre Comité💛🖤