Den AVL geet Ski fueren

Verëffendlecht, den 16.10.2021 Den AVL geet Ski fueren

⛷?Dënschdes den 26ten Oktober gi mir an d’Skihaal op Landgraaf fir no der laanger Summerpaus eis Ski- an Snowboardskills rëm opzefrëschen. Vun 18:00 bis 22:00 kann hei all AVLer op der 400m laanger Piste weisen wat en kann. Egal op dir Profifuerer sidd oder nach ni op Ski/Snowboard stoungt, jiddereen ass wëllkomm. Fir matzegoen musst dir erch bis sonndes owes den 24ten Oktober beim Alain Georges ugemellt hun. Op Zusage drécken geet net duer. Sot dobäi och schonn Bescheed ob dir Skimaterial (Schong/Skier/Snowboard) an der Skihaal lounen wëllt oder ob dir äert eegent Material matbréngt. Fir dass mir net ze vill Zäit an der Kees verbréngen, bieden mir iech d’Suen och schonn op de Konto vum AVL (IBAN: LU18 0019 1755 6653 8000 mam Betreff “Skihaal Landgraaf + Numm&Virnumm”) ze iwwerweisen. D’Präisser fannt dir hei drënner.

? Präiser:
Entrée mat 4 Stonnen fueren: 24,95€ 
Locatioun Schong: 5,75€
Locatioun Ski/Snowboard: 8,25€
❄️ Ausserdem kritt dir och fir 10€ nach een Skikostüm ze lounen, falls dir keng Wanterkleeder zu Oochen sollt hun. An der Haal sin et -5°C, dofir dot iech entspriechend waarm un. Den Helm ass obligatoresch. 
?‍? Een privaten Skilehrer kascht zousätzlech 67,50€ fir 1 Stonn an muss op eegen Fauscht organiséiert gin. (https://webshop.snowworld.com/en/lessen/landgraaf...)
? Fir op Landgraaf ze kommen bidd et sech un fir Fahrgemeinschaften ze man. Mam Auto ass et eng gudd hallew Stonn vun Oochen fort. Wann dir also nach fräi Plazen am Auto sollt hun, respektiv een sicht deen erch mathëllt, dann schreiwt et hei ënnert d’Event. 
? Adress vun der Skihaal: Witte Wereld 1, 6372 VG Landgraaf, Netherlands