Den AVL huet gewielt! + Akreditéierung + Cotisatioun

Verëffendlecht, den 26.01.2021 Den AVL huet gewielt! + Akreditéierung + Cotisatioun

Léif Memberen,

Heimat stellen mir Iech den neien Comité, deen d'lescht Woch op der AG fir d'Joer 2021 gewielt gouf, fir:

Presidentin: Jeanne-Marie Wagener
Vize-President: Tom Hut
Trésorière: Jenny Bourg
Sekretärin: Justine Welter
Relations publiques: Lynn Aachen
Kultur: Alain Georges
Sport: Charel Fohl
Member: Dave Packbier
Member: Pol Mathay
 
Zudeem goufen och zwou weider Persounen cooptéiert: den Marc Devillet an den Felix Rippinger. 
Mir freeën ons scho op di vill schéin Momenter an hoffentlech och Eventer di mer zesummen kennen verbréngen.
 
Dobäi wollten mer Iech och drun erënneren dass op der AG fir d'Akkreditéierung vum AVL op der RWTH gestemmt gouf. Dofir bräichten mir vun jidderengem d'Informatioun op weienger Uni dir studéiert. Denkt also drun dat um AVL Site op ärem Konto ze aktualiséieren.
 
Denkt och drun d'Cotisatioun vun 15 EUR op d'Kontosnummer LU18 0019 1755 6653 8000 ze iwwerweisen fir är Memberskaart ze verlängeren. Am Betreff sollt der derbäi schreiwen: Cotisatioun2021_Virnumm,Nonumm.
 
Villmools Merci an mir hoffen op een flott gemeinsaamt Joer 2021