Dürener Badesee

Verëffendlecht, den 08.06.2021 Dürener Badesee

Leif Memberen,

Lo wu d‘Wieder emmer besser gett an emmer mei Plusgraden ugewisen ginn ass et un der Zeit fir d‘Schwammboxen auszepaacken an um Strand roud ze ginn.?☀️
Mir lueden Iech dofir härzlech an, Mettwochs den 16. Juni, mat ons op den Dürener Badesee d‘Sonn geneissen ze gohen an Paddelboot ze fueren.?☀️
Dir kennt är Gruppen, mat deenen der op den Sei kommt, su gestalten wi der wellt. Dir braucht iech also net unzemellen. Et ass Iech also och frei iwerloos wini der kommt. Mir giffen Iech awer urooden fir 11-12 Auer um Sei ze sinn, well nemmen eng begrenzten Unzuel u Leit op den Sei eran geloos ginn an en sou zimlech schnell voll gett.⛵️
D‘Entrée fir op den Sei kascht 4€ an den Parking kascht 3€. Dir kennt also mam Auto kommen an direkt firun der Entree parken. D‘Adress ass „Am Badesee 1, 52349 Düren“.?
Dir kennt ierch selbststänneg Gedrenks, Iessen an Spiller matbrengen. Grillen daerf een um Sei net. ??
Heibei nach puer Informatiounen zu den aktuellen Coronareglen:
Wann d‘Inzidenz bis dohin ennert 35 bleiwt daerf een sech ouni eng begrenzten Unzuel bis zu 5 Haushalter treffen, ouni Covid-Test. Mat Covid-Test bis zu 100 Leit.
Wann d‘Inzidenz an den nächsten Deeg erem iwert 35 bis maximal 50 sollt klammen, daerf een sech, ouni begrenzten Unzuel, zu maximal 3 Haushalter treffen resp. bis maximal 10 Leit wann jidereen een negativen Coronatest hutt.
Mir bieden Iech des Reglen anzehaalen an är Gruppen esou ze bilden dass se Coronakonform sinn. Brengt och eng Mask mat, ob verschiddenen Plaatzen brauch een dei nämlech.

Mir hoffen Iech den Mettwoch um Badesee kennen ze gesin an dass mer een flotten Nometten zesummen verbrengen kennen!?

Bis dann ?,

Ären Comité