FAQ Coronavirus

Verëffendlecht, den 19.04.2020

Well d’Reegelungen sech den Moment baal am Wochentakt änneren an d’Semester jo offiziell dësen Méinden, 20ten Abrëll, ufänkt, hun mir erch hei eng kleng Zesummefaasung gemach mat all den wichtegsten Informatiounen. Daat meescht ass erch wahrscheinlech schon bekannt. Trotzdem wellen mer erch hei nach eemol heefeg gestallten Froen beäntwerten fir den Iwerbleck ze behalen. Des weideren weise mer och dorop hin, dass Regelen w.e.g anzehalen sin an de soziale Kontakt op ee Minimum reduzeiert soll gin. #Bleiwtdoheem!



Wei kommen ech am beschten op Oochen respektiv rem heem op Lëtzebuerg?

D’Grenzen zu der Belge an Däitschland hin sin beschränkt op. Studenten sollten an der Regel awer duerchgeloos gin, soulang se beweisen kennen, dass se zu Oochen studeieren an wann se een gudden Grond hun fir op Oochen ze fueren. Secherheetshalber sollt een also eng ausgeprinten Studienbescheinegung dobäihun, souwei beschtefalls ee Mietvertrag. D’Heemrees ass fir lëtzebuerger Studenten stets garantéiert. 

 

Weini muss ech an Quarantän an wei gett dat kontrolleiert?

Leit dei fir op mannst 72 Stonnen am Ausland waren an an Däitschland areesen wellen, mussen 14 Deeg laang an häuslech Quarantän. Des Leit mussen sech ënnert folgender Email-Adress mat dem Betreff ‘Reiserückkehr’ beim Gesondheetsamt mellen: infektionsschutz@staedteregion-aachen.de.

Mei genau hei:

https://www.land.nrw/sites/default/files/asset/document/2020-04-09_coronaeinreisevo_nrw_mit_begruendung.pdf



Wou kann ech mech zu Oochen testen loosen, wann ech Symptomer bei mer feststellen?

Fir d’eischt sollt een sengem Hausdokter unruffen. Desen helleft engem dann weider. 

Zu Eschweiler an beim Tivoli kann een sech an der Woch tëscht 8 an 18 Auer op den Virus testen loosen. Umellen muss een sech dofir fir d’eischt ënnert 0241/5198-7500. Bei ganz schlemmen Noutfäll (z.B Otemnout), soll een dann direkt den 112 uruffen.

 

Wei kann ech weiderhin un der Uni deelhuelen?

Kueren lafen bis op weideres per Onlinevierliesung. All greisser Virliesung wert wahrscheinlech dat ganzt Semester per Video ofgehaal gin. Vergiesst net erch fir des Kueren unzemellen fir um neisten Stand zum Oflaf vun de Virliesungen ze bleiwen. Falls dir eng Projekt-, Bachelor- oder Masteraarbescht oder ee Stage zu Oochen maacht, dann soll een sech mat sengem Betreier individuell ofschwätzen. Ënnert folgendem Link fannt der mei dozou: https://www.asta.rwth-aachen.de/corona-faq/. Des weideren soll een alles waat een mat Betreier an Proffen ausmecht schreftlech festhaalen, sou dass een daat zu engem speideren Zeitpunkt novollzeie kann.

 

Wat man ech an Härtefäll?

Ënner Härtefäll versteet een Spezialfäll, dei dem Student een Nodeel am Studium bereeden. Soueen Fall wier z.B. wann ee sech net fir den Master umellen kann, well eng Klausur weinst dem Virus ofgesot gouf. Fir een Härtefallantrag geet et duer fir eng Email un den jeweilegen Prüfungsausschuss ze schreiwen, an deer een seng Situatioun meiglegst genau beschreiwt. Weider Informatiounen an waat genau an der Email stoen soll, fënnt een ënner folgendem Link: https://www.asta.rwth-aachen.de/uebersicht-pruefungsausschuesse/

 

Wou gëllt iwerall eng Maskenpflicht?

Iwerall do wou den Mindestabstand vun 1,5 Meter net kann agehale gin, soll een ee Mondschutz (Mask, Schal, Buff) unhun. Eng Maskenpflicht gëllt fir den Moment nach net, mee et gett ugeroden virun allem am öffentlech Transport an an zouen öffentleche Reim(z.B. Supermarché) eng unzehun.

 

Ech kann niewt dem Studium nemei schaffen goen an hun finanziell Problemer. Wou kann ech mech mellen fir Hellef ze kreien?

Vill Studenten sin den Moment finanziell staark belaascht, well se z.B. hiren Studentenjob net ausüben kennen. Ënnert dem #RWTHhilft, verdeelt d’AStA Stipendien vun bis zu 600€, souwei kuerz- an langfristeg Sozialdarlehen un finanziell benodeelegt Studenten. Den Untrag fir den Stipendium an den Prêt fannt der ënnert desem Link: https://www.asta.rwth-aachen.de/beratung/asta/sozialdarlehen/?fbclid=IwAR05lEiuW5dmLMEzXa6n1mNFbZRmTkvvaQnvTJ9XYb_4iJ2347c8CpZbtuE

 

Weieen Afloss huet d’Situatioun op den Cedies?

Den Cedies fir SS2020 kann een nach normal bis den 30. Abrell unforen. Weider Informatiounen gin et zu desem Zeit Punkt nach net. Et kann een awer, wann een et nach net gemaach hurt den Prêt fun desem Semester ufuedere goen.



Wann weider Froen bestinn oder dir eppes ergänzen wellt, kennt der eis gearen per Email kontakteieren ënner comite@avl.lu. Des weideren roden mir erch der ACEL an dem AStA op den sozialen Medien ze folgen fir um aktuellsten Stand ze bleiwen. 

 

Un dëser Plaz welle mer dozou oprufen, dass mer eis geigeseiteg hellefen. Zum Beispill, Leit dei sech an Quarantän befannen, kennen sech gären am Facebook-Grupp mellen, falls se een brauchen, deen fir si akafen geet. 



Quellen an weider Informatiounen:

https://www.land.nrw/corona

https://www.staedteregion-aachen.de/de/navigation/staedteregion/

https://www.rwth-aachen.de/cms/root/Die-RWTH/Aktuell/Pressemitteilungen/Maerz-2020/~gngxi/NRW-Landesregierung-verschiebt-Start-des/

http://www.aachen.de/DE/stadt_buerger/notfall_informationen/corona/aktuelles/index.html

https://www.asta.rwth-aachen.de/corona-faq/

https://www.land.nrw/sites/default/files/asset/document/2020-04-09_coronaeinreisevo_nrw_mit_begruendung.pdf