Fifa21-Online Turnéier

Verëffendlecht, den 26.04.2021 Fifa21-Online Turnéier

Den 1. Mai organiséiert den Comité en FIFA21 Turnéier. Dat ganzt waert online stattfannen an du brauchs fir matzemaachen eng Playstation 4, en Playstation Plus Abo, d’Spill Fifa21 sou wéi och eng stabil Internetverbindung.
Samchdes mëttes geet et dann um 15 Auer lass. D'Kommunikation während dem Event selwer waert iwwert Discord stattfannen. Méi genee Informatiounen zum Turnéiersystem an -oflaaf erhälls de no der Umellungsphas per Mail.

Umellen k
ënnt der ierch bis Mettwochs den 28. Abrell iwert E-Mail beim Tom Hut (tom.hut@avl.lu) oder hei iwwer den Site.