Glühweinsoirée & Kleeschen

Verëffendlecht, den 26.11.2021 Glühweinsoirée & Kleeschen
Leif Membere vum AVL,
Et ass erëm souwäit, de Kleesche kennt bei eis op Oochen. Hien wäert Schockela a Kamelle vir ons brav Memberen dobäi hunn a säi Kolleeg den Houseker wäert och Rutte fir déi manner brav dobäi hunn. Fir dass de Kleeschen och eppes ze erziele weess schéckt eis dofir déi witzegst, penibelst oder déi schéinst Geschichten aus ärem AVL-Liewe vum Joer 2021. Och ass dëst Geleeënheet fir mol villäicht engem Merci ze soen deen iech e grousse Gefale gemaach huet. Dofir schéckt eis är Geschichten op jenny.bourg@avl.lu, hat wäert är Geschichten un de Kleesche weiderleeden. An fir dass och vun vir eran dei richteg Stemmung opkennt bieden mir iech iech passend unzedoen, entweder mat engem ugly Christmasplover oder wat iech soss an Chreschtstemmung brengt.
Dëst Joer hunn mir déi nämlech Locatioun wei 2019, d’Event fënnt den 8.12.2019 um 20:00 an der Haus4-Bar vum Studentenduerf statt. D’Entrée bedréit 5€ dofir kenn dir de GANZEN Owend vu Glühwäin (mat Amaretto oder Rum) a Béier profitéieren. Op eis Tase froe mer 2€ Pfand. Fir de klengen Honger wäert och gesuergt sinn.
Mir mussen eis, wei am Moment jiddereen, natierlech un déi geltend Coronaveruednung halen. Mir beschränken dat ganz also op 100 Persounen (vill méi gi der souwisou net an Haus4Bar). Dobäi sinn déi eicht vir. Dann wäert dat ganzt och ënnert 2G+ stattfannen, dat heescht dir musst geimpft oder genese sinn an ZOUSÄTZLECH en zertifiéiere Schnelltest vu manner wei 24h oder e PCR-Test vu manner wei 48h hunn.
Bleift Gesond,
Äre Comité