Glühwäinsoirée & Kleeschen

Verëffendlecht, den 30.11.2022 Glühwäinsoirée & Kleeschen
Léif Membere vum AVL,
 
Et ass erëm souwäit, de Kleesche kennt bei eis op Oochen. Fir déi Brav ënner iech huet de Kleesche Schockela dobäi a fir déi manner Brav bréngt de Kleesche säi Kolleeg den Houseker mat.
 
Fir dass de Kleeschen awer och eppes ze zielen huet schéckt dem Pol op pol.mathay@avl.lu oder op Messenger déi bescht, penibelst oder witzegst Geschichten iwwer iech an är Kolleegen, hie wäert déi dann un de Kleesche weiderginn.
An fir dass och vu vir eran déi richteg Stëmmung opkënnt biede mir iech iech passend unzedoen, entweder mat engem ugly Christmasplover oder wat iech soss a Chreschtstemmung bréngt.
 
Dëst Joer si mir am Pfaffenturm, do wou och de Lëtzebuerger Béierowend war. D'Event geet um 20:00h lass an da kennt dir fir 5€ de ganzen Owend vu Glühwäin (mat Amaretto oder Rum) a Béier profitéieren. Op eis Tase froe mir 2€ Pand a fir de klengen Honger tëschenduerch gëtt et Ënnenzopp.
 
Bescht Gréiss äre minabele Comité