Glühwäinsoirée an Kleeschen

Verëffendlecht, den 21.11.2025 Glühwäinsoirée an Kleeschen

Léif AVLer,
Nach e puer mol gi mer schlofen... Et ass gläich erem souwäit, de Kleesche kennt bei eis op Oochen! 🎅🤶
A fir him a senge Gesellen en uerdentlechen Empfang ze bidden inviteiere mir iech + Kleeschen&Co. den 4. Dezember op eis traditionell Glühwäinsoirée!🍷☕️
D'Event geet um 20:30h lass. Ab da gellt de ganzen Owend, geint bezuele vu 10€ Entrée,: All You Can Drink Glühwäin (mat oder ouni Schoss (Amaretto/Rum)) an och Beier! 🍻

WICHTEG: Denkt all drun eng Taas an/oder e Becher mat ze huele fir dass der iech um Gedrénks zervéire kennt!

Dest Joer si mir am Club Motorbar, (Rütscher Str. 155, 52072 Aachen, Deutschland)

Fir de klengen Honger teschenduerch gëtt et Chili Con Carne oder Zopp!!🍴🥣🍛

De Kleesche kënnt den Owend och net mat eidelen Hänn!🙌 Fir déi Brav ënner iech huet hie Schockela dobäi a fir déi manner Brav bréngt de Kleesche säi Kolleeg den Houseker mat.🥶 Fir dass de Kleesche ganz exakt weess wie vun iech eng Belounung oder eng Strof verdéngt huet ass är Hëllef gefrot!😘 Schéckt déi bescht, penibelst oder witzegst Geschichten iwwer iech an är Kolleegen ab elo iwwer dëse Forms un de Kleeschen:

https://forms.gle/6q4zLcBVotewL42c6

an dann kanns du deng Kolleegen oder och dech selwer op der Glühwäinsoirée an eng Situatioun brengen déi se/du ni vergiesse wäerten/s!😏

DRESSCODE: Fir dass vu vir eran déi richteg Chrëschtdagsstëmmung opkënnt biede mir iech iech passend unzedoen, entweder mat engem ugly Christmas Sweater oder mat Accessoiren/Verkleedungen, déi iech a Chrëschtstëmmung bréngen.🧣👕


Bescht Greiss vu Kleeschen a Co.
äre minabele Comité💛🖤