Glühwäinsoirée & Kleeschen

Verëffendlecht, den 25.11.2023 Glühwäinsoirée & Kleeschen
Léif AVLer,
 
Nach e puer mol gi mer schlofen... Et ass gläich erëm souwäit, de Kleesche kennt bei eis op Oochen!🤶🎅 A fir him a senge Gesellen en uerdentlechen Empfang ze bidden invitéiere mir iech + Kleeschen&Co. de 6. Dezember op eis traditionell Glühwäinsoirée!❄️ D'Event geet um 20:00h lass. Ab da gëllt de ganzen Owend, géint bezuele vu 5€ Entrée,: All You Can Drink Glühwäin (mat oder ouni Schoss (Amaretto/Rum)) an och Béier!🍻 Dëst Joer si mir rëm am Pfaffenturm, do wou och de Lëtzebuerger Béierowend war. Fir de klengen Honger tëschenduerch gëtt et Chili Con Carne!🍴
 
WICHTEG: Bréngt w.e.g äer eegen Taass vun Doheem mat!☕️
 
De Kleesche kënnt den Owend och net mat eidelen Hänn!🙌 Fir déi Brav ënner iech huet hie Schockela dobäi a fir déi manner Brav bréngt de Kleesche säi Kolleeg den Houseker mat.🥶 Fir dass de Kleesche ganz exakt weess wie vun iech eng Belounung oder eng Strof verdéngt huet ass är Hëllef gefrot!😘 Schéckt déi bescht, penibelst oder witzegst Geschichten iwwer iech an är Kolleegen ab elo un anita.barthelmy@avl.lu oder privat iwwer Messenger un d'Anita Barthelmy!👼 Hat gëtt des weider un de Kleeschen an du kanns deng Kolleegen oder och dech selwer op der Glühwäinsoirée an eng Situatioun bréngen déi se/du ni vergiesse wäerten/s!😏
 
DRESSCODE: Fir dass vu vir eran déi richteg Chrëschtdagsstëmmung opkënnt biede mir iech iech passend unzedoen, entweder mat engem ugly Christmas Sweater oder mat Accessoiren/Verkleedungen, déi iech a Chrëschtstëmmung bréngen.🧣👕
 
Bescht Gréiss vu Kleeschen a Co.
äre minabele Comité💛🖤