IC Lautern Beachvolleyball

Verëffendlecht, den 09.05.2025 IC Lautern Beachvolleyball

Léif Avler, 

Zu Lautern gi rëm d'Netzer gespaant, fir den traditionelle Beachvolleyball-Intercercle. 🏐

Wéini? 19. & 20. Juni 2025

Opgepasst des Joer fehlt den IC leider direkt no eiser Ponttorfeier dei den 18. Juni stattfennt ‼️

 

Wat steht do um Programm?

 

Oflaf vum Dag: Moies um 9h00 treffe mer eis zu Otterbach bei der Grillhütt, wou mer och Owes wäerten den Ofschloss vun eisem Intercercle feieren. Vun do aus kënnt dir vun der Busnavette profitéieren, déi iech bei d'Beachvolleyballterrainen op Steinwenden féiert, an Owes rëm zréck.

Zu Steinwenden bei de Beachterrainen ukomm, kennt der an de Vestiairen an är Sportssaachen (Bikini, Box, Schung,...) klammen, an iech prett fir den Tournoi maan. Nom kuerze Breefing geet de Spaass och scho lass, an dir kënnt iech géint aner Cerclen am Beachvolleyball, ugefeiert vun äre Spectateuren, moossen. Mee net nëmme fir de sportlechen Deel ass gesuergt. Iwwert den Dag gëtt et Béier, Sangria a Gegrilltes fir de kléngen a groussen Honger tëschenduerch.

Nom Tournoi an enger Dusch geet et mat der Busnavette zréck op Otterbach bei d'Grillhütt. Hei feiere mer dann de Gewënner op eiser legendärer Flatrateparty mat BBQ, engem Zalotebuffet, Béier a Musek. Schlofe kënnt der duerno um Site am Zelt oder am Auto.

Freidesmoies gëtt et nach e Käffchen an eng Mëtsch fir de klengen Honger, ier et fir iech rëm heem geet.

Wichteg! Zu Otterbach sinn d'Parkplazen limitéiert. Kuckt also wa méiglech Fahrgemeinschaften ze bilden!

Et wärd eng Noricht am Ankündigungschannel op WhatsApp gepoust ginn wou dir iech als Fuerer melle kennt fir Fahrgemeinschaften ze maachen. Dei Leit dei nach ee siche kennen dann do d‘Leit gesinn dei fueren an sech bei deenen Privat mellen. Dir kennt iech awer och um Facebook-Event mellen als Fuerer oder wann dir eng Platz sicht

 

Dir wëllt als Cercle eng Ekipp umellen?

 

Dir wëllt iech als Equipe umellen?

Wann dir wellt matspillen kenn dir iech iwwert den follgenden Forms umellen. Do kenn dir och ungin mat wem dir an enger Equipe spillen wellt. Mellt iech bis den 6. Juni un 

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSeXaN72SNqEYeI2AN7xsbEeiL5NYsYE2gHWxAdEu47QtJsqdw/viewform?usp=dialog

 

 

Dir wëllt iech als Eenzelpersoun umellen?

Egal op Spiller, Spectateur oder Sympathisant vun engem Cercle. Et ass jiddereen häerzlech wëllkomm. Info: All Spiller aus enger Ekipp muss sech och als Eenzelpersoun umellen!

D'Umeldung al Eenzelpersoun kënnt der hei maan: https://u.lsk.lu/app/form?id=iDynow(Deadline: 17. Juni 2025 23h59)

Äre AVL Comité