Iessen mat Drees & Sommer

Verëffendlecht, den 07.05.2026

Léif Memberen,

Och dëst Joer hu mir rëm eng Präsentatioun, gefollegt vun engem Iessen, mat eisem Sponsor Drees & Sommer. Am Kontext vun dësem Iesse wäert sech Drees & Sommer net nëmme virstellen, mee dir kritt och d’Geleeënheet direkt a perséinlech mat 2 vun hire Vertrieder ze schwätzen. Sou kënnt dir iech iwwer méiglech Aarbechtsplazen informéieren an och eventuell eng Stageplaz fannen.

 

D’Evenement fënnt den 21. Mee 2026 am White House statt a fänkt um 17:50 Auer un. D’Iesse gëtt och dëst Joer rëm vun Drees & Sommer gesponsert, dowéinst muss sech jiddereen, deen dobäi wëll sinn, iwwert de follgende Formulaire bis den 18. Mee umellen.

https://forms.gle/2aQH3CzhGad4ByZJ7



Bis dann,

 

Äre Comité