Intercercle Caférallye

Verëffendlecht, den 03.10.2023 Intercercle Caférallye

Et ass endlech nees sou wäit: 

heimat invitéieren mir Iech ganz häerzlech op eisen traditionellen Café-Rallye-Intercercle zu Oochen! Den zitt sech dëst Joer nees iwwer 3 Deeg, vum 3. bis den 5. November 2023.

Fir de Weekend ass folgendene Programm firgesinn:

Freides: Wëllkommpatt am Kaktus um 20 Auer.

Samschdes: Café Rallye - Start um 13 Auer. Startgeld fir den Rallye sinn 10€ - keng Angscht, et kritt een och eppes fir säi Geld! Well am Präis ass och de Fräibeier owes nom Rallye mat abegraff.

Sonndes: Brunch um 11 Auer. Di ganz Motivéiert, déi nach net sou schnell heem wëllen, kënnen dann den Dag gemittlech an den Thermen nach ausklénge loossen (aus eegener Erfahrung - maacht et!!). 

Mellt iech weg. bis den 27. Oktober fir déi eenzel Deeg un an iwwerweist dann den passenden Montant (10€ just fir de Rallye an 25€ fir Rallye +Brunch) mam Betreff "Numm + Caferallye" op den Konto vum AVL (LU18 0019 1755 6653 8000).

Mir bidden och Schloofplazen un - am Forms kënnt dir iech och dofir umellen.

Fir weiderhin Up-2-Date gehal ze ginn, kënnt der iech op eisem Event op Facebook umellen.

 

Mir frëeen eis op Iech!

 

Ären AVL-Comité