Invitatioun op d'Ponttorfeier

Verëffendlecht, den 22.05.2022 Invitatioun op d'Ponttorfeier

Leif Memberen, Leif Ancienë, Leif Frënn vum AVL,

heimat invitéieren mir iech ganz häerzlech op eis Feier vir 125 Joer AVL, den 24., 25. an 26. Juni!

De Programm erstreckt sech iwwert dräi Deeg:

Lass geet et Freides mat der traditioneller Ponttorfeier. Déi wäert – ewéi schonn déi läscht Joren – am Forum M iwwert der Mayersche stattfannen. Um 17 Auer fänkt dëst Event mat der Table Ronde un. Ab 21 Auer ginn et Amuse-Bouches, Wäin an Béier bis an déi fréi Moiesstonnen. Vir Stëmmung wäerten d’Band Puzzles, den AVL-Chouer an den DJ Deys suergen.

Samschdes Nomëttes ass géint 15 Auer eng Visitt vun der Schatzkammer geplangt. Owes ass am TwentyfiveEatery reservéiert, wou et um 19 Auer mam Aperitif lassgeet. Dono gëtt et en 3-Gang-Menü zerwéiert. En Deel vum Gedrénks gëtt och iwwerholl, heiran sinn eng limitéiert Quantitéit un Wäin, Waasser an Cola. No dem Iessen kenne déi motivéiert Leit nach weider an den Kaktus feieren goen.

Sonndes um 11 Auer, fir erëm zu Kräften ze kommen, gi mer dann zesummen Brunchen. Dëst wäert am Extrablatt stattfannen. Duerno loossen mer dann den Dag gemittlech an den Thermen an am Park auskléngen.

D’Umeldung kennt dir bis den 10. Juni per Mail beim Jeanne-Marie Wagener (jeannemarie.wagener@avl.lu) maachen. Oder dir fëllt folgenden Google Forms aus: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSex1OthCsJhCtXEbBsXQzy9NjcsOhYf12ayN-b6IiWQ6gLgKw/viewform?usp=sf_link

Wichteg unzeginn:

• Wéi vill Persounen dir umellt (mat Numm an Virnumm)

• Bei wéi eng vun deenen Aktivitéiten dir dobäi sidd (Ponttorfeier, Visitt, Iessen Samschden Owend, Brunch)

• Spezifikatiounen vir d’Iessen fir déi jeeweileg Gäng (Auswahl am Unhang)

Et ass selbstverständlech, dass jiddereen deen kennt eng Memberskaart huet. Dir dierft gären eng Begleedung matbréngen, déi brauch natierlech deen Moment keng. Bedenkt, dass d’Platzen begrenzt sinn! Eng Mail eleng geet awer net duer, dir sidd eréischt definitiv ugemellt, wann d’Suen iwwerwisen sinn.

De Präis fir Samschdes ass bei 20 € vir Studenten an 40 € vir Ancienë a Begleedung festgeluecht. Do ass d’Iessen am TwentyfiveEatery, sou ewéi en Deel vum Gedrénks mat abegraff. De Präis fir de Frühstücksbuffet Sonndes ass 10 €. Den entspriechenden Montant ass bis den 15. Juni op den Konto vum AVL ze iwwerweisen: LU18 0019 1755 6653 8000.

Mir hoffen dir kommt zuelräich an freeën eis op e flotten Weekend!