Karting
Verëffendlecht, den 10.12.2025Salut alleguer,
Wéi dir wësst, hu mir eng Ëmfro fir d’Soirée vum 17.12.2025 gemaach, an d’Resultat steet fest: Karting huet gewonnen🏎️🔥!
Mir ginn also Mëttwoch, de 17.12.2025, op Eupen an d’Experience Factory Karting. De Start ass um 21:00 Auer, dofir solle mir spéitstens um 20:40 Auer do sinn, an aus deem Grond treffe mir eis schonn um 20:30 Auer 🕣.
Mir maachen do e Grand Prix, deen aus enger 18-Minutte Qualifikatioun an enger 18-Minutte Course besteet 🏁. De Präis läit bei 46€ pro Persoun, woubäi den AVL op d’mannst 15€ iwwerhëlt; de geneeë Betrag hänkt dovun of, zu wéi vill Leit mir sinn. Dobäi kommen nach 2€ fir Händschen an 4€ fir eng Cagoule, falls dir net är eegen hutt. De ganze Spaass geet bis ongeféier 21:40 Auer.
Well mir ze spéit sinn, fir nach e Bus zeréck ze kréien, muss sech jidderee fir Matfuergeleeënheeten ënnerteneen organiséieren 🚗.
D’Plaze si limitéiert op 26, dofir musst dir iech iwwer dëse Formulaire umellen: https://forms.gle/fVj1qp5ikdQdHLF9A.
Wéi ëmmer gëllt: Den Éischten ass vir!
Äre Comité