Kleeschen 2019

Verëffendlecht, den 27.11.2019 Kleeschen 2019

 

Léif Memberen,

Et ass rëm esouwäit. De Kleeschen kennt op Oochen bei ons léif AVL-Memberen. Am Gepäck huet hien Rutten, Kamellen an Schockelaskleescher. Fir dat de Kleeschen och eppes ze zielen weess, fuerdert de Comité iech op witzeg Geschichten aus dem laf vum Joer ze schécken un folgend E-Mailadress ze schécken: charel.marcy@avl.lu.

Dëst Joer hunn mir eng néi Locatioun zu Oochen fonnt. D’Event fënnt den 4.12.2019 um 20:00 an der Haus4-Bar vum Studentendorf statt. D’Entrée bedréit 5€ dofir kenn dir de GANZEN Owend vu Glühwäin (mat  Amaretto oder Rum) a Béier profitéieren. Fir de klengen Honger bidden mir och Mettwurschten fir 1€ an eng selwergemaachen Ënnenzopp fir 1,5€ un.

Fir de Comité

Charel Marcy