Kulturrees 2020 - Madrid (Ofgesot)

Verëffendlecht, den 24.01.2020 Kulturrees 2020 - Madrid (Ofgesot)

Leif Memberen, 

 

 

Och dëst Joer organiséiert den AVL erëm eng Kulturrees, déi dëst Kéier an déi spuenesch Haaptstad Madrid feiert. Mir wäerten donneschdes nomëttes, den 4. Juni den Fliger zu Köln (alternativ: zu Düsseldorf) huelen an kommen méindes owes, den 8. Juni zeréck. Um Programm sti verschidden Visitten. Dorënner falen z.B. eng guidéiert Tour vum Zentrum, eng Visitt vum kinneklechen Palast, enger Brauerei oder Wënzerei, an villes méi. Sou wei et sech gehéiert, gëtt natierlech och gefeiert. Freides owes ma mer een organiséierte Pub Crawl, fir eis een méi genaut Bild vum spueneschen Nuetsliewen ze man. Samsdes owes man mer dann een Tour duerch déi eng oder aner Disko. Sonndes gi mer dann zesummen brunchen an mëttes geet et bessen méi gemittlech mat den Visitten weider. Sonndes owes gi mer dann rëm all zesummen iessen an duerno weider vun Café zu Café. Méindes loossen mer dann zesummen d'Rees auskléngen ier mer am Nomëtten den Fliger fir heem huelen.

 

Den viraussiichtlechen Präis wäert bei 250€ leien. Hei ass d’Iessen an Gedrénks net inclus. 

 

Falls dir interesséiert sidd, dann schreift w.e.g bis den 2.02.2020 eng kuerz Mail un alain.georges@avl.lu. Dëst ass nach keng endgülteg Umeldung! Déi definitiv Umeldung kennt deemnächst mat engem méi genauen Programm vun der Rees. Denkt drun, déi éischt si fir, well d'Plazen si limitéiert. Opgepasst: Fir erch kënnen unzemellen, musst dir är Cotisatioun fir d'Joer 2020 bezuelt hun!

 

P.S. Den Beachvolley Intercercle ass dëst Joer mat grousser Warscheinlechkeet den 18. Juni, soudass sech keen tëscht Lautern an der Kulturrees entscheeden muss. 

 

 

Mat beschten Gréiss, 

 

Alain G.

Kulturminister