Kulturrees Barcelona

Verëffendlecht, den 12.03.2022 Kulturrees Barcelona

Leif Memberen,

 

No 2 Joer (onfräiwëlleger) Paus organiséiert den AVL endlech erëm eng Kulturrees, déi dëst Kéier an déi katalanesch Metropol Barcelona féiert. Mir wäerten samschdes, den 11. Juni den Fliger zu Köln-Bonn (alternativ: zu Lëtzebuerg) huelen an kommen mëttwochs nomëttes, den 15. Juni zeréck. Um Programm sti verschidden Aktivitéiten an Visitten. Dorënner falen z.B.

- Staatféierung,

- Sagrada Familia

- Picnic Bunkers Del Camel

- Rooftop Tango Lesson & Drinks

- Sunset Sailing Cruise

- Wanderen

- Tibidabo / Montjuic

- …

Sou wei et sech gehéiert, gëtt natierlech och owes anstänneg gefeiert. Den Programm kann bis zu der Kulturrees nach änneren. Et gëtt also keng Garantie, dass all dës Aktivitéiten werten stattfannen. Dënschdes owes loossen mer dann zesummen d’Rees auskléngen ier mer mëttwochs moies nach bëssen shoppen ginn an am Nomëtten den Fliger fir heem huelen.

Den viraussiichtlechen Präis wäert bei 250€-350€ leien (staark ofhängeg vun de Fligerpräisser, déi extrem variéieren). Hei ass d’Iessen an Gedrénks net inclus.

Falls dir interesséiert sidd, dann schreift w.e.g bis spéitstens Mëttwoch, den 30. Mäerz eng kuerz Noriicht un den Alain Georges (FB oder alain.georges@avl.lu). Doriwwer eraus bieden mer erch och schon den Acompte vun 150€ (IBAN: LU18 0019 1755 6653 8000) ze iwwerweisen, fir dass mir d’Fligerticketen schon buchen kënnen. Falls dir net sollt matgoen kënnen, musst dir d’Fligerkäschten leider selwer iwwerhuelen.

Denkt drun, déi éischt si fir, well d’Plazen si limitéiert.

 

Mat beschte Gréiss,

Alain G.

Kulturminister