Kulturrees Bologna

Verëffendlecht, den 07.04.2024 Kulturrees Bologna

Léif Memberen,

Och dëst Joer organiséiert den AVL erëm eng Kulturrees, déi dëst Kéier an d’Haaptstad vun der Emilia-Romagna an Italien, op Bologna geet. D’Rees wäert Dënschdes den 21. Mee zu Köln starten, wou mir de Fliger op Bologna wäerten huelen. Sonndes de 26. Mee Komme mir rëm zréck a wäerten och rëm zu Köln ukommen. Um Programm sti verschidde Visitten an Aktivitéiten, wéi zu Beispill

- De Ferrari Musée zu Modena
- Déi zahlreich Muséeën, déi Bologna ze bidden huet
- Een Dag zu Florenz
- Den Ducati Musée an eng Visite vun den Ducati Wierker
- Visite vun der Iessens- A Gedrénkszeen zu Bologna (aka Pubcrawls a gutt Iessen)
- ...

Bis zum Untrëtt vun der Rees kann sech um Programm nach ee bëssen eppes änneren.

De viraussiichtleche Präis wäert bei 350-400€ leien (staark ofhängeg vun de Fligers- an Hotelspräisser). Iëssen a Gedrénks ass hei net inclus.

Falls dir interesséiert sidd un dëser Rees deel ze huelen, da schreift w.e.g. bis spéitstens Freideg, den 19. Abrëll eng kuerz Noriicht un de Philippe Hirtt (FB oder philippe.hirtt@avl.lu). Wann d'Plaze schon all fort sollte sinn, kënnt dir och gären op d'Waardelëscht kommen, fir de Fall wou een oofspréngt.

Doriwwer eraus biede mir iech och schonn den Acompte vun 250€ (IBAN: LU18 0019 1755 6653 8000) bannent 3 Deeg vun ärer Umeldung ze iwwerweisen, fir datt mir d’Fligertickete scho buche kënnen. Falls dir net sollt matgoe kënnen an et keen Ersatz gëtt, musst dir d’Fliger- an Hotelkäschten (mam Acompte gedeckt) leider selwer iwwerhuelen.

Wéi all Joer sinn d’Plaze limitéiert, also maacht iech bäi!

Mat beschte Gréiss,

Philippe Hirtt
Kulturminister