Kulturrees Warschau

Verëffendlecht, den 14.03.2023 Kulturrees Warschau

Léif AVLer,

Geschwënn ass et esou wäit, et geet erëm op Kulturrees! Dëst Joer verschléit et eis bei d’Mamm, an d‘Land vum Wodka, a souguer bis an seng wonnerschéin Haptstadt – Warschau! D’Rees fënnt matzen an der Exkursionswoche statt, vum 29.05.2023-03.06.2023. Fir genau ze si starte mer den 29. Mee em 15Auer um Flughafe Köln-Bonn. Vun do aus fléie mer mat enger Rekordzäit vun 1h45min bis op Warschau-Modilin. Zu Warschau ukomm schlofe mer natierlech net op der Strooss mee am Stärenhotel Ibis Budget Warschau Centrum! Um Programm sti wéi ëmmer verschidden Aktivitéite fir de FUN a Visitte fir eis kulturell Bildung. Dozou gehéieren:

Standardméisseg gi mer Owes natierlech net nom Sandmann an d’Bett mee wäerten eis duerch d’Warschauer Nuetsliewe kämpfen. De ganze Spaß hëlt leider den 3. Juni Moies em 9Auer säin Enn wa mer rëm am Fliger sëtze fir zréck op Köln.

De viraussiichtleche Präis wäert bei ongeféier 300€ leien a beinhalt de Flug, d’Hotel an d’Aktivitéiten. D’Iessen an d’Gedrénks, ofgesi vun dem wat bei der Foodtour an dem Wino Grono Art zerwéiert gëtt, sinn net inclus.

Falls dir iech des Rees net entgoe loosse wëllt da schreift w.e.g. bis spéitstens den 30. Mäerz eng kuerz Noriicht un d’Anita Barthelmy (FB oder anita.barthelmy@avl.lu). Doriwwer eraus biede mer iech fir eng definitiv Umeldung bis den 7. Abrëll en Acompte vun 150€ op den AVL Kont ze iwwerweisen, fir d’Fluch an d’Hotelskäschten ze decken (IBAN: LU18 0019 1755 6653 8000). Denkt drun dass e Fligerticket un Persoune gebonnen ass an der wann der no der Iwwerweisung ofsot an en Ersatz fonnt gëtt d’Käschte vun den Ëmännerungen droe musst.

A wéi ëmmer gëllt: Déi éischt si fir! D’Platze si limitéiert.

P.S. D’Hotelszëmmere sinn 3-Bettzëmmeren dir kënnt iech also scho Gedanke maache mat wiem der är Zëmmer deele wëllt!

 

Z wyrazami szacunku,

Är Kulturfee

Anita Barthelmy