Lëtzebuerger Béierowend

Verëffendlecht, den 17.11.2022 Lëtzebuerger Béierowend
Léif Memberen,
 
Et ass rëm sou wäit! Eisen traditionelle Lëtzebuerger Béierowend steet virun der Dier!
❗️Opgepasst: Dëst Event ass donnëschdes an net mëttwochs wéi gewinnt.
Kommt bis laanscht a genéisst di beschten an diverste Béier aus Lëtzebuerg mat ons! De Beerpongdësch gëtt natielech och rëm ausgepakt. Fir dass keen vun den Been fällt, gëtt et och nach eng Klengegkeet z’iessen. Fir déi ganz motivéiert gëtt et zeguer ‘Bier mit Lux’ aka Picon-Béier. 
D‘Soirée start um 19:30 am Pfaffenturm (Junkerstraße 68). Fir d’Entrée froen mir 5€, sou dass mir déi verschidden Béierzorten och zu engem ugemoosenen Präiss un iech weiderverkafen kënnen. 
🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺
Dëst Joer gin et folgend 11 Béierzorten:
- Battin (Gambrinus, Pils, Fruité, Christmas)
- Béierhaascht (3 Sorten)
- Bofferding
- Clausel (Classic, Gezwickelt)
- Diekirch (Christmas, Grand-Cru)
- Funck-Brichler
- Heischter
- Iechternacher Béier
- Okult
- Ourdaller (Wäissen, Hana, Karel, Wëllen)
- Simon (Pils, IPA)
an natielech Diekrecher vum Faass!
🍺
Mir freeën eis ob iech an hoffen iech zuelräich do ze gesinn! Prost! 🍻
 
💛🖤