Lëtzebuerger Béierowend

Verëffendlecht, den 10.12.2021 Lëtzebuerger Béierowend
Léif Memberen,
Et ass sou weit! Eisen traditionelle lëtzebuerger Béierowend steet virun der Dier!?
Kommt bis laanscht a genéisst di beschten an diverste Béier aus Lëtzebuerg mat ons! Et ass ons lescht AVL-Soirée virun der Chrëschtvakkanz, verpasst et also net.?
Als Entrée froe mer 10€ Mindestverzehr déi een dann a Form vu Bonge kritt.?
D‘Soirée start um 20 Auer am Pfaffentuerm (Junkerstraße 68). Dat Ganzt fënnt erëm ënnert 2G+ statt. Dat heescht dir musst entweeder geimpft oder genese sinn AN dir braucht een zertifiéiert Schnelltest deen net mi al däerf si wei 24 Stonnen. D‘Soirée wäert och erëm op 100 Leit limitéiert sinn, kommt also mat Zäiten un, soss kommt der nemmi eran!
Mir freeën eis ob iech an hoffen iech zuelräich do ze gesinn, éier dass d‘Creschtvakkanz ugeet!
Äre Comité??