Match geint Anciens

Verëffendlecht, den 30.05.2022 Match geint Anciens

Léiw Memberen,

Den 18 Juni spillen di Jonk erëm géint di net sou Jonk! Dat heescht et ass Zäit dass mir den Anciens erëm weisen, wéi ee Fussball spillt.

Den Match geet lass um 14h zu Wolz um syntheeteschen Terrain.

(Wegdechen 10, am Pëtz Weidingen)

Mir brauchen also eng Partie motivéiert Fussballspiller, déi den AVL do vertrieden. Mellt iech w.e.g. bei Mir (Daniel Weiler) per Facebook oder per Mail (daniel.weiler@avl.lu) un wann der wëllt matspillen.

Fir déi 3. Halbzeit fanne mer eis dann all erëm op der Tutschemillen (op 500 m vum Terrain). Nom Match gëtt do och nach gegrillt an e Patt gedronk, hei wëllen d'Anciens wëssen, weivill Leit ongeféier do sinn, mellt Iech also ënner folgendem Link un:

http://www.aachen.lu/2022/05/10141/