Meeting Drees&Sommer

Verëffendlecht, den 24.05.2021 Meeting Drees&Sommer

Wéi dir villäicht wësst, sinn déi lescht Jore Representanten vun Drees&Sommer op Oochen komm fir do Drees&Sommer an sech selwer virzestellen. Dat gouf dann mat engem Iessen an engem Restaurant an engem gemittlechen Owend verbonnen. Dëst ass momentan awer leider nach net méiglech.

Fir dat dir awer d'Méiglechkeet kritt Drees&Sommer kennenzeléieren, maache mir den 31.Mee.2021 een Online Meeting. Si maachen do eng kuerz Präsentatioun an dono huet een dann d'Méiglechkeet sech auszetauschen. Drees&Sommer ass am Bauberäich täteg. Si beroden, plangen, bauen a si soumat un ville grousse Projete bedeelegt. Si kucken do och vill op dee wirtschaftlechen Deel a wëllen Ökonomie an Ökologie matenee verbannen. Du kanns do deng Froen stellen a schonn déi éischt professionell Kontakter knüpfen, eng Stageplaz sécheren oder schonn no enger Aarbechtsplaz sichen. Et lount sech also op alle Fall dobäi ze sinn.

D'Meeting start dann em 18:00 an hei ass den passenden Link:

https://zoom.us/j/2499165789?pwd=Znl3UC9PNnBnbFhBQURUTTczRmsvQT09

Bis dann an bleiwt gesond!

Fir de Comité,

Lynn