Neie Comité 2022 as gewielt!

Verëffendlecht, den 17.01.2022 Neie Comité 2022 as gewielt!
Den 12. Januar haten mir eis Assemblée Générale Ordinaire wou mir d'Joer 2021 Revue passéieren geloos hun an een neie Comité fir d’Joer 2022 gewielt hun. Duerno ass et am Kaktus weider gaang mat engem Fräibéier. Op eiser traditioneller eischter Versammlung op der Fraentoilette hun mer d'Responsabilitéiten verdeelt. De neie Comité stellt sech domat folgendermoossen zesummen:
- President: Pol Mathay
- Vize-Presidentin: Anita Barthelmy
- Trésorier: Philippe Meyers
- Sekretär: Felix Rippinger
- Relations publiques: Philippe Weides
- Kultur: Alain Georges
- Sport: Daniel Weiler
- Member: Ben Graas
- Member: Patrick Schneider
Den Owend selwer goufen dann och schon direkt 2 Leit cooptéiert fir dem Comité ënnert d’Äerm ze gräifen: den Mathis Michels an den Jim Leyder.
Mir freeën eis op eng flott Zesummenaarbecht an op hoffentlech(!) vill schein Eventer zesummen.