Ofsch(l)ossfest

Verëffendlecht, den 08.07.2021 Ofsch(l)ossfest

Leif Memberen,

den 15. Juli fennt eist Ofschlossfest bei der Grillplatz Rütscherstrasse statt.

Fir dass dat ganzt Coronaconform ofleeft muss awer jidderee getest oder vollstänneg geimpft sinn. Geimpft ass ee 14 Deeg no der 2ter Impfung, bzw. no der enger vu Johnson&Johnson.

All déi aner géife mer bieden en zertifiéiere Schnelltest maachen ze goen. Desen kann ee gratis an Däitschland maache goen. Dëse Schnelltest ass 48h gutt. https://aachentest.de/buergertest

Och gëllt natierlech en negative PCR-Test, déi sinn 72h gutt.  

Wann da jiddereen negativ ass, dierfe mer bis zu 100 Leit ouni Mask an ouni Ofstand op der Platz hunn.  

Ugoe wäert dat ganzt ab 17h. Den traditionellen Baamstamm mat Hummer wert och rem um Start sin.

Den AVL stellt bessen Beier zur Verfügung. Dir sollt also selwer nach Gedrenks matbrengen. Mir suergen fir den Grill an Kuelen, brengt dofir selwer eppes fir drop mat.

Bis en Donneschden,

äre Comite