Ofschlossfest 2026
Verëffendlecht, den 03.07.2026
*Ofschlossfest 2026*‼️
An zwou Wochen ass et rem esou wait. Déi éischt hunn eventuell schonn ugefaange mat léiere mee de Mëttwoch ginn d'Bicher (oder Tabletts fir all déi modern Studenten) op d'Säit geluecht fir nach eng leschte Kéier ee schéinen Owend ze verbréngen.
Dat ganzt ass dann de 15. Juli bei der Grillplaz Rütscher Straße bei den Tierm a start um 16:00.
Mat sensationelle Spiller wéi dem traditionellen Neel aklappen, Flunkyball, a Spikeball ass de Spaass fir jidderee garantéiert. Mat sou vill Oflenkung vergiesst ee jo scho bal de ganze Prüfungsstress!
Ausserdeem gëtt ee Grill ugeschmass a fir Baguetten an Zoossen (sponsored by Moutarderie de Luxembourg) ass gesuergt.
Opgepasst, dat heescht dir muss äertFleesch / Veggie Alternativ selwer mathuelen!
Mee dat ass jo gutt, dann ësst och jidderee genau dat wat e well.
Natierlech, suerge mir och fir Béier, Waasser a Softdrinks. Fir dat mer lech genuch Gedrénks kennen offréieren, wiere mer frou wann der eis sou schnell wéi méiglech Bescheed sot.
Mir hoffe vill Leit vun iech bei eisemOfschlossfest begréissen ze kennen, fir dat mer d'Summersemester zesumme kennen ausklénge loossen. Wëssenschaftlech Studien hunn ëmmerhin bewisen datt Studenten déi op d'Ofschlossfest komme garantéiert all hier Exame packen!
Mat beschte Gréiss,
Äre Comité