Oktoberfest - Digital - 28.10

Verëffendlecht, den 17.10.2020 Oktoberfest - Digital - 28.10
Leif AVL'erInnen,
Leider musse mer iech matdeelen dat mer eis Oktoberfest net kenne wei geplangt ofhalen. Leider dierft Ponttor wéinst der Corona Pandemie net méi verlount ginn a lo siche mer no enger Alternativ. Am Moment gesäit et awer sou aus wei wann eis näischt aneschters géif iwwreg bleiwe wei dat ganzt Online ze maachen. Dat ganzt wäerte mer dann iwwert Zoom maachen.
Fir awer bëssen Oktoberfeststëmmung bei iech Heem ze bréngen, hutt d'Méiglechkeet, fir Béier an eng Bretzel bei eis ze bestellen a mir liwweren dat dann zu OOCHEN bis bei iech Heem.
Dat ganz misst der da per Mail bei jeannemarie.wagener@avl.lu bestellen an natierlech d'Adress matginn. Dat kennt der bis Méindes de 26. Owes maachen, a mir liwweren dann Dënschtes oder Mëttwochs. Déi eicht si fir, wann et ze vill Commande gi kenne mer deene leider net méi nokommen.
Bestelle kennt der:
Ee Kajot Erdinger Weißbier 20 x 0,50 l Fläsche fir 20 Euro
oder ee Sixer Erdinger Weißbier 6 x 0,33 l Fläsche fir 5 Euro
et Laugenbrezel gëtt et fir 1 Euro dobäi
bezuele maacht der am beschte per Iwwerweisung, eis Kontodate sti bei eis um Site.
Um Site kennt der iech och geare fir Veranstaltung an dem NEIEN KALENNER androen, dass mir gesi weivill Leit interesséiert sinn deelzehuelen.
Zougangsdate fir de Zoom kommen no.
Mir freeën eis drop iech no der laanger Klausurenphase rëm ze gesinn.
Mat frëndleche Gréiss,
Äre Comité