Online-Poker-Tournoi

Verëffendlecht, den 27.04.2021 Online-Poker-Tournoi
Leif Memberen,
Wéi der hoffentlech schon am Communiqué gesinn hutt, organiséiert de Cyrille Nickels den 11. Mee en Online-Poker-Tournoi fir den AVL.
Den Tournoi geet um 19:45 lass an et kann een bis spéitstens 20:05 bäitrieden. Mir wäerten klasseschen Texas Hold'em spillen, mee et kennt nacheemol eng Ukënnegung mat den Reegelen fir Leit déi net wëssen wéi dat geet. Et kann also jidereen matmaachen.
Dat ganzt fënnt iwwer d'Pokerstars App fir Handy oder Computer statt. Et kascht näischt an dir musst och keng Kreditkaart oder ähnleches connectéieren. Dir musst iech just op der App umellen mat enger E-mail-Adress an dann ënnert "Home Games" dem Avl Club bäitrieden. Natierlech wäerten och flott Präisser ze gewannen ginn!
Fir iech unzemellen, schreift dem Cyrille Nickels w.e.g. eng Email (cyrille.nickels@gmail.com) oder op Facebook, hien gëtt iech dann d'Zougangsdaten. Wann der soss nach Froen hutt oder Iech virdrun nach mat em ënnerhalen wëllt fir weider Erklärungen zu den Reegelen ze kréien kennt der him och gären schreiwen.
Bleift gesond an bis geschwënn!
Ären Comité