Oochener Bal

Verëffendlecht, den 13.10.2020 Oochener Bal

Leif Frënn vum AVL,De 24. Oktober ass eisen traditionellen Oochener Bal an der
Apoteca.Dat ganzt wäert des Joer natierlech bëssi anescht si wei soss Joren,
an zwar wäert de ganze Bal am setzen stattfannen. Jiddereen huet seng fest
Sëtzplaz an déi kennen och net getosch ginn, et wäert sou wei an
de Caféë sinn.Dat ganzt fänkt
dann och schonn um 19 Auer un an da ginn d'Leit gestaffelt an 3
Gruppen (19:00, 19:30 an 20:00) eragelooss. Sou kenne mir de Raum vun
hannen no fir fëllen ouni dass ze vill Trafic an de Gäng ass. Mir
bieden iech also och zesumme mat äre Kolleegen mat deenen der um
Dësch wëllt setzen gläichzäiteg unzekommen.
Banne gelt natierlech eng streng Maskenpflicht, bis der op ärer Platz
setzt. Um Mëtternuecht muss dann awer och scho jiddereen
dobausse sinn, dofir fänke mir um 23:30 schonn un déi eicht
erauszekieren.D' Serveuren bréngen iech da Gedrénks oder och Fingerfoods, fir
de klengen Honger, déi der bestelle kennt, bis bei den Dësch.D’Entrée kascht
wei all Joer 3 Euro, mee dir musst iech des kéier am Virfeld umellen.
Dëst maacht der per Mail beim mathis.michels@avl.lu.
Gidd dobäi w.e.g. äre ganzen Numm, d’Auerzäit zu där der
komme wëllt, an de Cercle mat un. Vir sécher ze goen dass sech
net vill Leit umellen ouni ze kommen an déi ganz
begrenzte Platzen eidel bleiwen, biede mer iech eis Suen sou ze
iwwerweisen dass de bis den 23.Oktober 23:59 bei eis um Konto sinn.Akademischer Verein d'LëtzebuergerIBAN: LU18 0019 1755 6653 8000SWIFT: BCEELULLOp eisem Site avl.lu fannt der och en QR-Code fir iwwert
Digicash ze bezuelen.https://www.avl.lu/kontakt/Mir hoffe vill
kënneg a gesond Leit erëmzegesinn an e flotten Owend
matenee verbréngen ze kennen,Bis hoffentlech geschwënn aMat frëndleche Gréiss,den AVL Comité